Och wann ee mengt et géing ee genuch drénke kann et sinn, dass ee sech iert. Mir hunn ee klengen Trick wéi der erkennt ob der ee Mangel hutt.

Lauschtert eran

Deen einfachsten Trick ass: Wann der duuschtereg sidd, da musst der drénken. D'Gefill vum Duuscht ass nämlech ee Warnsignal vum Kierper. Déi däitsch Gesellschaft fir Ernährung recommandéiert 1,5 Liter Waasser oder Téi. Virun allem wann et dobausse waarm ass, brauch de Kierper es nach méi. Iwwert den Daum gerechent kann een ongeféier 0,5 bis 1 Liter pro Stonn méi rechnen, well ee logescherweis méi Waasser brauch, waan ee méi schweesst.

Fir elo ze kontrolléieren ob der ee Mangel hutt, sollt der einfach eng Kéier är Haut um Hand-Réck kuerz unhiewen. Wann d'Haut nees séier an d'Ausgangspositioun zeréck geet ass alles am gréngen. Bleift d'Haut allerdéngs e bëssen an der ugehuewener Positioun, ass dat en Zeechen dorop, dass een net genuch gedronk huet.

Wichteg ass nämlech och wat der drénkt. De Kierper verléiert beim Schweessen net nëmme Flëssegkeet mee och nach Nährstoffer. Ideal ass Waasser mat engem Natriumgehalt vun 200 Milligramm pro Liter, dat kritt de Kierper am Beschte verschafft. Et dierft jo eigentlech och op der Hand leien, dass een esou gutt et geet op alkoholesch Gedrénks verzichte soll wann et dobausse waarm ass, déi belaaschten eise Kierper nämlech just onnéideg.

Drénkt iwwert dee ganzen Dag verdeelt einfach reegelméisseg ee Glas Waasser, da kommt der iwwert 24 Stonne sécher op déi néideg Flëssegkeet. Falls de iech net sécher sidd, da maacht den Test.