Se sinn en absolut klassescht Kleedungsstéck a jiddereen huet op mannst een dovun. Mir hunn eis ugekuckt wéi eng dëst Joer wierklech ugesot sinn.

Lauschtert eran

D'Moud ass eppes wat vu Joer zu Joer extrem ka changéieren. Et ass nämlech bekannt, dass een Trend dacks vum genaue Géigendeel ofgeléist gëtt. Ee Beispill hei wären zum Beispill d'Männercoiffuren. Laang goufe se ganz kuerz gedroen a lues a lues kommen déi laang Hoer nees an den Trend.

Ma ee Kleedungsstéck kënnt, wéi et bis elo ausgesäit, ni aus der Moud an zwar den T-Shirt. Jiddereen huet méi wéi een a se huelen net vill Plaz am Schaf ewech. Dat geet hei vu ganze wäissen eriwwer bei T-Shirte mat Musteren oder ganz faarweger.

Am Joer 2021 ass et da ganz kloer dee ganz einfache wäissen T-Shirt deen am Trend ass. Et ass een Alleskënner a kann och mat quasi allem kombinéiert ginn. Am Summer reflektéiert dësen d'Luucht a suergt esou dofir, dass engem net esou waarm gëtt wéi a schwaarze Kleeder.

Een T-Shirt mat engem Logo op der Broscht ass dëst Joer definitiv ugesot. Och Bandshirts hu grousse Succès. Wat gëtt et nämlech besseres wéi een T-Shirt vun der Liiblingsband oder dem Liiblingskënschtler deen eventuell esouguer nach un eng flott Zäit op engem Festival erënnert.

Och Poloshirts hunn ee grousse Succès. Wéi am Ufank vum 20. Joerhonnert eng Passend Kleedung fir d'Spill Polo am subtropesche Klima vun Indie gesicht ginn ass, ass dobäi de Polo-Shirt entstanen. Moderniséiert huet et allerdéngs eréischt den Tennisspiller René Lacoste.