Duerch The Voice a Lidder ewéi “DTMWTD” a “Stoner Boy” ass d’Christina bekannt ginn. Elo ass hatt zeréck mat neiem Numm an neier Musek!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Fir seng nei Projeten war d’Christina op der Sich no senger kënschtlerescher Identitéit. Hatt huet ganz vill nei Musek-Stiler, Iddien an Elementer ausprobéiert an och säin ale Kënschtlernumm hannert sech gelooss.

“Iergendwann huet Christina Kalyss net méi gepasst. Virun allem och well ech kapverdianesch Elementer a meng Musek wollt erabréngen huet mäi richtegen Numm einfach gepasst an et wierkt méi authenthesch.”

Op senger neier Single erzielt d’Christina Rodrigues d’Geschicht vu senger Mamm, déi um Cap Verd ouni Elteren opgewuess ass a ganz fréi huet misse selwer Responsabilitéit iwwerhuelen. “Bo Bai” ass deemno e ganz besonneschen an emotionale Song, op deem d’Kënschtlerin fir déi éischte Kéier iwwerhaapt och op senger Mammesprooch séngt.

“Am Fong hunn ech mir ëmmer gesot, dass ech just op Englesch schreiwe géif. Mee mëttlerweil sinn ech bësse méi oppen. Ech hunn awer fonnt, dass ech mam Kapverdianeschen nach zimmlech mal à droite sinn wann et ëm Lidder geet. Et ass nach zimmlech elementar, mee ech hoffen dass ech iergendwann méi schéi schreiwe kann – genee esou ewéi mäi Monni dee ganz schéi Gedichter schreift.”

Och vum Sound hir sinn op “Bo Bai” Aflëss aus dem Christina Rodrigues senger Heemecht ze héieren. De Beat ass nämlech inspiréiert um Element Waasser an de Produzent Jaylson huet och melancholesch Vocal-Samples mat verschafft.

RTL

Christina Rodrigues / © Eldoradio

D’Christina Rodrigues denkt ganz vill iwwert seng Musek no, probéiert sech konstant weiderzeentwéckelen a säi Wee ze fannen. Trotzdeem ass hatt mëttlerweil vill méi calme ginn.

“Ech sinn definitiv méi selbstbewosst ginn an allem wat d’Musek ugeet. Wann ech laang keng Inspiratioun hunn, da stressen ech net méi esou vill ewéi fréier. Ech loossen d’Saachen einfach kommen.”

An där nächster Zäit kënne mir eis dann och op eng ganz Partie weider musikalesch Projete vun der Sängerin freeën.