E Festival fir talentéierte Jonken eng Bün ze bidden!

De Sonndeg 20. Juni gëtt et déi 4. Editioun vum "Future Talent Stage", e Festival, dee musikalesch begaabt Jugendlecher encouragéiere soll hiert Talent op enger Bün ze presentéieren. Nodeems déi éischt digital Variant vum Event 2020 esou gutt ukomm ass, huet d’Stad Lëtzebuerg, zesumme mat Trust in Talent, sech decidéiert de Festival och 2021 online ofzehalen.

Am Virfeld konnt ee sech, wann een tëscht 15 a 25 ass an eppes am Beräich vum Gesang oder Danz virféiere wëll, fir d’Show umellen. Wien am Endeffekt op der Future Talent Stage optrëtt, doriwwer gouf op social media ofgestëmmt. Instagram konnt ee fir seng Favoritten e Like ofginn an am Endeffekt hunn et 9 Kënschtler an de Line Up gepackt. Dorënner zum Beispill d’Maya Maunet an de Culture the Kid.

Als Headliner hunn dann och nach Francis of Delirium zougesot.

D’Show wäert den 20. Juni um 16 Auer iwwer livestream iwwerdroe ginn. Dëse kann ee sech dann op der Facebook- a YouTube-Säit vun der Stad Lëtzebuerg ukucken. All d’Links a méi Informatioun zum Event fannt dir ënner eldo.lu