De Max an den Dani ware mat der Kamera am Aquasud zu Déifferdeng, hunn d'Ambiance agefaangen an de Sonnecrème-Spender getest.

No méi wéi engem Joer gesäit een endlech eng Luucht um Enn vum Corona-Tunnel. D'Mesure gi méi labber, d'Liewen dobausse fänkt lues awer sécher nees un an dat gëllt natierlech och fir d'Schwemmen hei am Eldoland. Endlech kann ee sech nees e bëssen ofkille goen an dat ouni dauernd mussen dee Virus am Hannerkapp ze hunn.

Ganz nei ass dann aktuell an de Schwemmen an och ënnert anerem um Stauséi, de Sonnecrème-Spender. Een Apparat fir Sonnecrème dee fir jiddereen accessibel a gratis ass. Dofir hu mir de Max an den Dani an d'Schwemm geschéckt fir e puer Andréck vun de Leit ze kréien an natierlech hunn déi zwee och den Distributeur getest. Ween déi zwee kennt ka sech schonn denken, dass se dat op hier ganz eegen Aart a Weis gemaach hunn.