Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

P!nk - All I know so far

D'Widderen stelle grad fest wéi vill se an dem leschte Joer bäigeléiert hunn.

Stéier

Bruno Mars - Grenade

Fir hir Leit sinn d'Stéier bereet duerch all Feier ze goen.

Zwilling

Capital Cities - Safe And Sound

Et steet eng Woch voll Rou an Zefriddenheet u fir d'Zwillingen

Kriibs

Nelly - Hot In Here

Eis Kriibse sinn dës Woch konstant rout, well hinnen dermoosse waarm ass.

Léiw

Dua Lipa - Love Again

Nodeems se dacks enttäuscht goufe sinn d'Léiwe bereet nees ze vertrauen.

Jongfra

Paul Kalkbrenner -No Goodbye

Eis Jongfraen dréine sech ëm a ginn elo ouni Eddi ze soen. Et geet duer!

Wo

Jessie J - I Want Love

D'Woe probéiere nees jidderengem ze gefalen. Mat Gedold fannt der awer éischter déi richteg Persoun.

Skorpioun

Klingande - Jubel

Eis Skorpioune kommen de Moment guer net méi aus dem feieren eraus.

Schütze

Kwabs - Walk

D'Schütze si motivéiert sech nees méi ze beweegen. Loosst den Auto roueg mol stoen.

Steebock

Mo - Final Song

D'Steebéck gi réischt no dem leschte Lidd heem.

Waassermann

Marshmello & Jonas Brothers - Leave Before You Love Me

Ier et geféierlech fir hir Gefiller gëtt, maache sech d'Waassermänner aus dem Stëbs.

Fësch

Dontnod - Breaking Back

Aus eise soss sou brave Fësch ginn elo Piranhas.