Am skandinavesche Land wëll een elo e bësse Realitéit an déi sozial Medien erabréngen.

Eng Foto beaarbechte gëtt haut ëmmer méi einfach. Längst brauch ee kee Computer méi oder deier Programmer fir eng Foto ze veränneren. Ee Smartphone an eng App a scho kann ee lassleeën. Dat kënne ganz einfache Verännerunge si wéi d'Intensitéit vun de Faarwen änneren, oder een Objet aus dem Bild retuschéieren.

Ma ganz vill Fotoen op Social Media ginn awer esou beaarbecht fir d'Leit op de Fotoe besser, respektiv makellos ze weisen. Ee perfekten Teint, Sixpack, ee wäisst Laachen, keng Falen, keng Speckrullen, egal wéi kleng dës och wiere bei de perfekt trainéierte Kierpere, si méi ze gesinn. Fir d'Influencer op Instagram a Co. ass dat wichteg, well se duerch esou perfekt Fotoen méi Follower, méi Likes an dann nees méi Sue kréien. An Norwege wëll een dat elo awer änneren.

Fir dat skandinavescht Land sinn déi retuschéiert Fotoen nämlech och ganz kloer ee grousse Problem. Ëmmer méi Kanner a Jonker hunn dacks ee verzerrt Bild vun hirem Kierper. An Norwege gëtt et souguer ee Wuert dofir "kroppspress" wat iwwersat "Kierperdrock" heescht. Fir géint dëse Problem virzegoe gouf den 2. Juni 2021 een neit Gesetz gestëmmt. Vun 2022 mussen dofir all Fotoen, bei deenen de Kierper, d'Haut oder d'Gréisst verännert oder retuschéiert goufen mat engem Logo gekennzeechent ginn. Wie sech net drun hält, muss dann eng Strof bezuelen. Wat awer weiderhin erlaabt ass, ass zum Beispill eng Foto méi hell, méi däischter oder méi schaarf ze maachen.

Villäicht kënnt jo och iergendwann esou ee Gesetz hei zu Lëtzebuerg. Schuede géing et awer sécher net, e bësse méi Realitéit op de soziale Medien ze verbreeden. Ëmmer méi Influencer notzen awer och hiren Afloss, fir eeben dës Realitéit ze weisen.