Déi rout Punkten op der Haut stamen net vun de Grasmilbe mee vun Dësen hire Larven.

Déi kleng rout Punkten, mat deene vill Leit den Ament geplot sinn, stame vu Grasmilben, oder méi genee vun Dësen hire Larven, wéi d'Martine Neuberg vum Bëchservice vun der Naturverwaltung erkläert. D'Larve vun dëse Milbe bueren sech nämlech an d'Haut an a scheeden do e Sekret of, dat d'Haut méi dënn mécht. Do scheeden si dann e Sekret aus, dat d'Haut méi dënn mécht. Dat erlaabt et hinnen d'Flëssegkeet aus den Hautzellen ze saugen.

D'Grasmilbe planzen sech besonnesch bei waarmen an dréchenem Wieder fort. Deemno misst een de ganze Summer mat dëse Larve rechnen. Den Ament trieden si besonnesch an der Géigend vun der Musel op. Wéi den Numm et scho seet, sinn d'Milben an hir Larve am Gras unzetreffen. Mam bloussen A erkennt een si allerdéngs kaum. Virun allem d'Larven si kaum ze erkennen. Si sinn nämlech nëmmen 0,2 Millimeter grouss.

Wann een de Verdacht huet, dass ee sech an enger Wiss mat Grasmilbe befënnt, soll een Dës wa méiglech verloossen. Wann dat net geet, oder een duerch dech Wiss goe muss, sollt een seng Haut esou hutt et geet virum Kontakt mat de Larve schützen. Dat andeems een eng laang Box mat Strëmp undeet an d'Strëmp wa méiglech iwwer d'Box zitt. Doheem sollt een dann ënner d'Dusch goen a sech mat Seef wäschen. Doduerch kann een d'Larve vun de Milbe lassginn.

Lauschtert hei de Reportage!

Den Ament gëtt jo driwwer diskutéiert, ob déi rout Plazen net vun den Hoer vum Eichenprozessionsspinner ausgeléist ginn. Ma de Kontakt mat dësen Hoer ass nëmmen an der Géigend vun Eechen, op deenen sech Eichenprozessionsspinner ophalen, méiglech.

Allerdéngs kënne Plazen, déi bäissen, verschidden Ursaachen hunn. Den Ament wieren zum Beispill och vill Moustiquen ënnerwee. Éier een ufänkt eppes géint d'Bäissen ze ënnerhuelen, sollt een dowéinst erausfanne firwat et eigentlech pickt. Am Zweiwel sollt ee seng Plazen dowéinst engem Dokter weisen.