Dobausse blëtzt an donnert et. Eventuell hu mer schonn eng Kéier eppes héiere wéi ee kann ausrechne wéi wäit de Blëtz ewech ass. Mir soen iech d'Formel.

Lauschtert eran

Wann et dobausse blëtzt an donnert ass normalerweis deen éischte Reflex doheem de Fernsee an d'Luuchten aus ze maachen. Dacks ginn an engem zweete Schratt d'Sekonnen dotëscht gezielt fir eben ze wësse wéi wäit de Blëtz nach fort ass. Elo kann ee sech natierlech d'Fro stelle wéi déi Rechnung eigentlech genau gemaach gëtt.

Jiddereen dee scho mol eng Kéier mat kritt huet wéi de Blëtz ageschloe huet, dee weess ganz genau wat eng Kraaft dohannert stécht. Wien dowéinst Schwieregkeeten huet beim Aschlofen dee soll ee ganz einfache Rechentrick uwende fir ze wëssen ob sech d'Donnerwieder vun engem ewech oder op een zou beweegt.

Wichteg ass ze wëssen, dass virum Donner ëmmer de Blëtz kënnt. De Grond: Luucht breet sech méi séier aus wéi de Schall. D'Luucht huet eng Vitess vu genau 299'792'458 Meter an der Sekonn, d.h also knapp 300'000 Kilometer an der Sekonn. De Schall awer huet just eng Vitess vun 340 Meter pro Sekonn, ass also am Verglach zu Luucht zimmlech lues.

Wann der also ee Blëtz gesitt, musst der d'Sekonnen ziele bis et Donnert an déi Zuel mat 340 multiplizéieren. Wëll der dat elo a Kilometere wëssen, da musst der d'Resultat duerch 1'000 deelen. Ganz Präzis ass déi Rechnung dann allerdéngs net. De Schall beweegt sech nämlech ofhängeg vun der Loftfiichtegkeet an Temperatur, ënnerschiddlech séier duerch d'Loft.

Wann et deemnächst blëtzt an donnert, kënnt der dat jo mol ausprobéieren.