
© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!
Widder
No Doubt - Cool
D'Widdere loosse sech elo einfach duerch näischt aus der Rou bréngen.
Stéier
Pras - Ghetto Superstar
Eis kreativ Stéieren wëssen einfach all Chance fir sech ze notzen.
Zwilling
Ariana Grande - No Tears Left To Cry
Souguer wann d'Zwillinge sech géifen dru ginn, kënne se sech iwwer villes net méi opreegen.
Kriibs
Shaed - Trampoline
Zäit sech e bëssen auszepowere fir eis Kriibsen.
Léiw
Ed Sheeran - Bad Habits
Et ass un der Zäit fir eis Léiwen nees schlecht Ugewunnechte lass ze ginn.
Jongfra
Imagine Dragons - Whatever It Takes
D'Jongfrae si bereet all Risiko anzegoen fir hien Dram ze verwierklechen.
Wo
Naughty Boy ft Sam Smith - La La La
D'Woe wëlle léiwer net nolauschteren a schalten op Duerchzuch
Skorpioun
Black Eyed Peas - Shut Up
Et kéint sinn, dass d'Skorpiounen souwuel weise wéi och soen wann ee ronderem de Bak hale soll.
Schütze
Mario - Let Me Love You
Eis Schütze kämpfen ëm hir Léift a ginn och net esou einfach op.
Steebock
Quarry - Wake Me Up
Zwee Weckere ginn de Moment net duer fir eis Steebéck esou richteg wakreg ze kréien.
Waassermann
Philipp Dittberner Ft Vize - Lissabon
D'Wallisse vun de Waassermänner si scho gepak. Geschwënn geet et fort.
Fësch
Izzy Bizu - Faded
De Moment vergiessen eis Fësch vum Schlëssel bis de Rendez-Vous op der Bank quasi alles.