Fir déi psychesch Gesondheet vun de Leit ze schützen, verbitt Pinterest Publicitéite vu Regimmen a wëllen domat géint Bodyshaming virgoen.

Lauschtert eran

D'Plattform Pinterest huet aktuell ronn 478 Milliounen Notzer a probéiert elo eppes fir déi psychesch Gesondheet vun den User Leit ze maachen. Fir genau ze si wëlle se géint de Bodyshaming virgoen an dat an deem se ganz einfach Pubbe vu Regimme verbidden.

Well ganz vill Leit elo lues a lues nees méi Kontakt mat anere Mënschen hunn, ville sech der vill nees e bëssen ënner Drock gesat, fit ze gi fir de Summer. Iessstéierungen ass am Joer 2021 definitiv näischt Aussergewéinleches méi. Ee Fait géint deen een eppes muss ënnerhuelen.

Pinterest ass eng Plattform fir jiddereen an dat onofhängeg vum kierperlechen Ausgesinn. D'Notzer sollen hire Summer plange kënnen an dat ganz ouni mat Annonce vu Regimme konfrontéiert ze ginn, esou Pinterest.

An hire Richtlinne vun den Annonce hu se deemno ee grousse Changement virgeholl. Se verbidden elo offiziell all Thema ronderëm de Verloscht vum Gewiicht. Dozou gehéieren allgemeng Texter a Fotoen zum Thema, Erfarungsberichter oder Verweiser op den eegene BMI. Ausserdeem si posts déi bestëmmte Kierpertypen idealiséiere verbueden.