Theoretesch kann een och als Vëlosfuerer geblëtzt ginn. Am Sënn vun der eegener Sécherheet sollt een et awer net dorop uleeën.

Wéi ass et wann een Alkohol gedronk huet an duerno mam Vëlo fiert?

Hei gëllt et ganz besonnesch opzepassen. Fir Vëlosfuerer gëllen am Bezuch op Alkohol nämlech déi nämmlecht Reegelen ewéi fir alleguer déi aner Chaufferen, déi um Stroosseverkéier deelhuelen. Konkret bedeit dat, dass ee manner ewéi 0,5 Promill Alkohol am Blutt dierf hunn, wann ee mam Vëlo ënnerwee ass. Vun engem Wäert vun 0,5 Promill un, gëllen déi nämmlecht Sanktiounen ewéi wann ee mam Auto fuere géif. Deemno kann ee bei engem Wäert vun 1,2 Promill och de Führerschäin ofgeholl kréien. D'Police huet dann och d'Recht een zu engem Otemtest opzefuerderen, wann si ee mam Vëlo unhält. Wien dësen Test verweigert, kann de Führerschäin op der Plaz virleefeg ofgeholl kréien.

Och wat d'Benotze vum Handy betrëfft, gëlle fir Cyclisten déi nämmlecht Reegelen ewéi fir aner Chaufferen.

Wien also iwwer dem Vëlofueren den Handy benotzt muss mat engem Protokoll vun 145 Euro an dem Verloscht vun 2 Punkten um Führerschäi rechnen. Hei sief dann och drop verwisen, dass et verbueden ass iwwert dem Vëlofuere mat Kopfhörer Musek ze lauschteren. Wien dat mécht, muss e Protokoll vu 24 Euro bezuelen.

Komme mer zum Schluss nach op d'Vitesslimitten ze schwätzen.

Och déi gëllen déi nämmlecht Reegelen ewéi fir all anere Chauffer. Dat bedeit, dass een och als Vëlosfuerer geblëtzt kéint ginn an dann den entspriechende Protokoll bezuele misst. Am Sënn vun der Sécherheet vum eenzele Vëlosfuerer, réit d'Police awer all Mënsch dovunner of ze testen ob ee wierklech séier genuch fuere ka fir geblëtzt ze ginn.

Lauschtert hei de Reportage!