Mat der Iddi sollen nees Leit zeréck an dat klengt Duerf Legrad gelackelt ginn. Eng Prime fir ze renovéiere gëtt et och nach.

Lauschtert eran

Wien huet net scho mol vun engem Vakanzenhaus gedreemt. Eng Plaz wou ee kann hi reese wéini ee wëll an esou laang ee wëll. Ma deen Dram ka Realitéit ginn an dat a Kroatien.

Déi kleng Gemeng Legrad läit no un der ungarescher Grenz an ass zu engem groussen Deel ausgestuerwen. Verschidde Gebaier an Haiser sti kuerz virum Verfall a gesicht gëtt elo no Leit do doranner ee Projet gesinn an esou Haiser renovéiere wëllen. D'Fro ass elo wéi kritt een d'Leit dozou hei eppes ze kafen?

D'Léisung läit am Präis vun der Offer. Dee läit nämlech aktuell bei nëmmen 13 Cent. Bezilt een déi, huet een de Choix un 19 verschiddenen Haiser. Huet ee sech elo fir eent decidéiert, kritt een en Zouschoss vun 3'333 Euro fir d'Renovatiounsaarbechten. Huet een deem ganzen zougestëmmt ass een deemno och verflicht genuch ze investéieren, dass d'Haus nees bewunnbar ass.

Eng weider Viraussetzung ass, dass een net méi wéi 40 Joer al ass an déi nächst 15 Joer do muss liewen. Deemno ass ee Vakanzenhaus domat net wierklech méiglech. No verschiddene Bäiträg vun e puer Medien huet d'Gemeng Legrad vill Ufroe vu wäit ewech kritt esou zum Beispill aus Russland, Ukraine, Türkei, Argentinien oder esouguer Kolumbien, esou de Buergermeeschter vu Legrad.

Wie vun iech elo och dorunner interesséiert ass, dee muss sech bäi maachen, well et sinn der just nach zwee zur Verfügung. Déi aner 17 hunn nämlech schonn een neie Besëtzer fonnt.