Wann een ee Roadtrip fir huet, ass et wichteg sech gutt ze preparéieren. Mir resuméieren iech u wat der onbedéngt musst denken.

Lauschtert eran

Sech einfach an ee klenge Camper oder een ëmgebaute Van sëtzen an drop lass fueren. Dat ass den Dram vu ganz ville Leit. Huet ee sech esou ee Gefier zougeluecht oder eventuell gelount, kënnen d'Preparatioune fir de Roadtrip lass goen.

Fänkt mol domadder un iech eng Liichterketten zouzeleeën. Wann der owes op enger Plaz stoe bleift fir ze iwwernuechten, da schaaft ee mat esou enger Kette genau déi richteg Ambiance. Mir recommandéieren hei eng mat Batterien ze kafen an och Ersatz Batterie matzehuelen.

Nierwt der Ambiance ass et natierlech och wichteg owes gutt ze schlofen. Virun allem op engem Road-Trip gëtt een heiansdo dozou verleet einfach riets stoen ze bleiwen an eng Nuecht op der Plaz ze verbréngen. Huelt iech also genuch Këssen an Decke mat, wat méi wat et méi gemittlech gëtt.

Ass et Zäit fir z'iessen, dann huet een natierlech d'Méiglechkeet am Camper oder Van z'iessen. Vill méi flott ass et dann allerdéngs wann ee virum Gefier ënnert engem klenge Sonnerreegel säi Menü genéisst. Huelt iech deemno esou ee Seegel, Camping-Still an Dëscher mat.

Ganz vill der Vans hunn eng agebaute Kichen. Ass dat net de Fall dan denkt onbedéngt un ee klenge Gas-Kocher. Deemno musst der nach just un Telleren an d'Besteck denke a scho steet dem Roadtrip näischt méi am Wee. Hei nach just eng gutt Playlist erstallt a scho kann et lass goen.