Am Beschte sollt een enger Persoun, déi am Waasser an Nout ass, vum Bord aus eppes reechen, fir si domadder aus dem Waasser ze zéien.

Fir enger Persoun, déi et net méi aus dem Waasser packt, ze hëllefen, muss een als éischt mol erkennen, dass Dës an Nout ass. Ma dat ass dacks guer net esou einfach. Wéi de Roland Disiviscour vum Groupe de Sauvetage Aquatique erkläert géif enger Persoun, déi um Erdrénken ass, dacks d'Kraaft feele fir aktiv no Hëllef ze ruffen. Wann eng Persoun awer stänneg op der nämmlechter Plaz dreift an hire Kapp ëmmer nees of- an dann nees optaucht, ass dat dacks en Zeechen, dass si a Schwieregkeeten ass.

Wann een dann op esou eng Persoun opmierksam gëtt, sollt een am Beschten direkt de Rettungsdéngscht informéieren. Selwer an d'Waasser sprange fir der Persoun ze hëllefe sollt een iwwerdeems nëmmen, wann et soss keng aner Méiglechkeet gëtt. Am Beschte sollt een hir vum Bord aus eppes reechen, fir si domadder aus dem Waasser ze zéien.

Am Beschten ass et natierlech, wann een sech selwer esou verhält, dass een net an Nout geréit. Deemno sollt ee méiglechst net an d'Waasser sprangen, wann ee grad um Verdauen ass oder virdru laang an der Sonn louch. Ausserdeem sollt ee bei oppene Gewässer drop verzichte vun enger Säit op déi aner ze schwammen. Wéi de Roland Disiviscour erkläert, wier de Reiz fir um Stauséi vun enger Säit op déi Aner ze schwammen, dacks grouss. Allerdéngs wier d'Gefor fir hei ënnerwee d'Kraaft ze verléieren, zimmlech grouss. Villméi sollt ee méiglechst laanscht de Bord schwammen. Um Stauséi kéint een esou a béid Richtunge jeeweils 18 Kilometer schwammen.

Zum Schluss sief dann nach gesot, dass statistesch gesinn, genee esouvill Schwëmmer ewéi Net-Schwëmmer erdrénken. Dat wichtegst wier et deemno sech selwer net ze iwwerschätze wann een an d'Waasser geet.

Lauschtert hei de Reportage!