De Joe Weber, deen als Lionheart ënnerwee ass, huet seng neiste Single op lëtzebuergesch released.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

De Joe Weber, deen elo als  Lionheart ennerwee ass, huet mat 12 Joer ugefaange Musek ze maachen. Duerch de Solfège huet hien awer op eemol d‘Loscht verluer fir weider ze maachen. Mat 18 Joer ass seng Passioun fir d’Musek awer wärend enger Rees rëmkomm.

"Do sinn ech deemools op eng Rees gefuer a Spuenien, Portugal a Frankräich an do hunn ech eben d Gittar matgeholl an eben do ugefaange mat sangen a Gittar spillen."

An senger Musek wëll de Joe awer weisen, dass et am Liewen net ëmmer drëm geet deen Dichtegsten a Gréissten ze sinn. Hie probéiert mat senge Lidder an Inspiratioune méi Léift an Zesummenhalt ze weisen. Genau dat sinn d’Wäerter déi aus der klassescher Reggae Musek entstane sinn.

"Ech hunn bëssen an der lëtzebuergescher Musek gekuckt an am Hip-Hop hunn ech gesinn dass do ganz oft d’Iddi vum „ech sinn dee gäilsten“Energie dran ass, an ech well mat enger Kraaft dergéint wierken. Jo an och dee vulgäre Slang gefält mer net esou an dofir probéieren ech meng eege Musek ze maache fir de Léit ze weisen dass et och anescht geet."

Wärend dem Lockdown huet de Joe d’Zäit genotzt fir an sech eranzegoen, sech selwer ze definéieren an ze fannen. Hien war déi Zäit vill doheem, huet sech weider entwéckelt an doduerch dann och nei Musek geschriwwen. Elo ass seng éischt Single „Nei Welt" da released ginn.

„Nei Welt“ ass entstane wei ech d’Gesellschaft bësse gekuckt an analyséiert hunn. Ech hu gekuckt och hei zu Lëtzebuerg, wei liewe mir a wat sinn eis Lierwensstiler.. Déi sinn hei immens materialistesch. Ech probéieren der Gesellschaft bëssen de Spigel dohinner ze stellen awer ouni ze jugéieren einfach just fir kloer ze stelle wei ech dozou stinn."

An Zukunft probéiert de Joe awer all 3 Méint een neit Lidd erauszebréngen. Vue dass hien awer och nach op der Uni studéiert probéiert hien awer alles ënnert een Hutt ze kréien. Hien huet eis awer verroden, dass seng nächst Single méi perséinlech soll ginn a bëssen d’Geschicht vum Sänger erzielen.