Ëmmer méi Leit verzichten dauerhaft op Alkohol. Kee Wonner wann ee bedenkt, wat dat fir positiv Effekter op eis Gesondheet huet.

Lauschtert eran

Alkoholfräit Gedrénks gëtt ëmmer méi populär an ëmmer méi Leit verzichte komplett op Alkohol. Dat ka verschidde Grënn hunn esou zum Beispill, well et engem eventuell net schmaacht oder einfach well ee sech bewosst ass wat de Verzicht fir ee positiven Effekt op eise Kierper huet.

Eleng de Fait, dass een op Béier, Wäin, Schampes a Co. verzicht bewierkt, dass eis Haut méi propper gëtt. Esou Gedrénks léisst eis Haut ausdréchnen, wouduerch d'Zellen hier Elastizitéit verléieren. Verzicht een ee Mount op Alkohol an drénkt zwee Liter Waasser den Dag, hydratéiere mer an eis Haut ass mat genuch Waasser versuergt.

Och beim Sport bréngt et eppes. Keen Alkohol ze konsuméiere bewierkt och, dass der iech no der sportlecher Aktivitéit méi séier erhuelt an är Leeschtung steigert sech e gutt Stéck méi. Gläichzäiteg bréngt de Verzicht och eng Rei Virdeeler beim Ofhuele mat sech. Alkohol huet nämlech op ee Gramm, méi Kalorie wéi Eewäiss a Kuelenhydrater, an anere Wieder: De Verzicht begënschtegt d'Ofhuelen.

Net ze vergiessen ass eise Schlof. Dee verbessert sech an dir hutt zum Beispill manner Problemer fir mueres aus dem Bett ze kommen. Dat läit virun allem dorunner, dass d'Qualitéit vum Schlof zouhëlt an dir um fréie Muere méi Energie hutt.

Zu gudder Lescht nach den Effet vum kloren Denken. De Verzicht bréngt mat sech, dass ee sech méi effizient op Aufgabe ka konzentréieren, well eise Geescht frësch an Asaz-bereet ass.