Kuerz a knackeg Videoen ophuelen. Esou Gesäit deen neie Projet vu YouTube aus. Eng Iddi déi TikTok soll Konkurrenz maachen.

Lauschtert eran

Ugefaangen huet alles de 14. Februar 2005. En Dag op deem d'Plattform YouTube gegrënnt gouf an zwar vun deene fréiere PayPal-Mataarbechter Chad Hurley, Steve Chen an Jawd Karim. No 16 Joer an deem Business kann ee behaapten, dass d'Plattform sech e bëssen op sengem Erfolleg ausgerout huet.

Elo, am Joer 2021 hunn déi Verantwortlech dann decidéiert een éischte Schratt a Richtung Short-Videos ze maachen. TikTok huet dee Prinzip jo scho säit e puer Joer intus, ma YouTube well deem elo Konkurrenz maachen an zwar mat YouTube-Shorts. Dobäi handelt et sech ëm eng Plattform mat der ee ka kuerz Videoen op YouTube erop lueden an dat ganz esou wéi een et och bei TikTok gewinnt ass. Beaarbechte kann een déi Videoen dann och mat Filteren, Sounds an Texten.

Et ass kloer, dass et net ganz einfach gëtt fir TikTok do kënnen d'Waasser ze reeschen. Säit dem Lancement am September 2016 huet d'Plattform nämlech rapide un Notze gewonnen. Aktuell hu se ronn 1 Milliard aktiv Usere pro Mount. Donieft ginn et dann och nach säit 2019 d'Reels op Instagram.

YouTube huet allerdéngs ganz gutt Viraussetzunge fir dorunner unzeknäppen. Bis de 14. Juli soll YouTube-Shorts a méi wéi 100 Länner accessibel sinn. Ob Lëtzebuerg dorënner ass, ass awer nach net gewosst.