Jiddereen ass gutt esou wéi en ass. Heiansdo muss een och mol einfach iwwert sech laache kënnen esou zum Beispill wann een Affer vum Nuese-Speck ass.

Lauschtert eran

Mir si wéi mer sinn an dat ass och gutt esou. Et brauch kee sech u Schéinheetsidealer ze orientéieren a sech mat Leit vum Instagram a Co. ze vergläichen, well wéi mer all wëssen ass do d'Majoritéit vu fir bis hannen total gefakt.

E puer witzeg Problemzone ginn et dann awer. Witzeg aus deem Grond well een einfach driwwer laache soll. Ugefaange mam Nuesespeck. Huet een un der Wuerzel vun der Nues e puer kleng Fettpölsterschen ass dat net dramatesch. Well mierkt iech Folgendes: Léiwer eng opfälleg Nues wéi Otemproblemer.

Donieft ginn et dann och nach d'Knippercher-Täschen. Domat ass dee Beräich vun der Haut gemengt deen erausquëllt, wann een d'Äerm dicht un den Uewerkierper presst. Dat eenzegt wat dogéint hëlleft ass et mat Humor ze huelen. Genau esou wéi méi deck Handgelenker. Auere passen zwar just schwiereg, ma kuckt et Positiv: Dir braucht iech no kenger Zäit ze riichten.

En Gros soll ee sech iwwert näischt ze vill Gedanke maachen, wat een net ënnerhalb e puer Minutten ännere kann. Dorënner fält och d'Cellulite. Ee groussen Deel vun de Fraen ass dovunner betraff an dat ass absolut kee Problem. Vill Modele weise sech iwwert déi sozial Medie mëttlerweil och ongeschminkt an net retuschéiert an dat mat hire Problemzonen. An dat ganz nom Motto: Wech vun de Schéinheetsidealer a jiddereen ass gutt esou wéi en ass, och mat Nuesespeck.