Verschidde Sportaarte si ganz beléift fir fit ze ginn. Mee wéi gutt di se eis wierklech?

1. Schwamme mécht muskuléis a schlank

Dat stëmmt net esou ganz. Natierlech profitéieren eis Muskele vun der Beweegung beim Schwammen. Mee eleng duerch d'Schwammen ginn d'Muskelen net trainéiert wéi elo zum Beispill bei engem Kraafttraining. Beim Schwamme ginn zwar all eis Muskele gefuerdert, mee duerch d'Waasser musse se manner schaffen. Aus dem nämmlechte Grond hëlt een och net esou vill of duerch schwammen, wéi elo zum Beispill duerch joggen oder intensive Kraafttraining. Fir Leit déi nees mam Sport ufänken ass awer och genee dat ee gudde Punkt beim schwammen: se komme lues eran a kënne virun allem hir Ausdauer nohalteg verbesseren.

2. Joggen mécht de Réck an d'Gelenker futti

Dat stëmmt net esou wierklech. Et ass souguer éischter esou, dass vill Leit déi reegelméisseg lafe manner Problemer mam Réck hunn an och mat de Gelenker. Mee: wann der grad eréischt ufänkt mam Lafen a scho Problemer mam Réck hutt, ass et besser fir d'Éischt mat ärem Dokter ze kucken. Sou kënnt der sécher goen ob et ärem Réck schuet oder net wann der lassleet. Och bei de Gelenker ass et wichteg ze kucke wou ee leeft, dass een se net iwwerstrapazéiert, a virun allem gutt Schong un de Féiss huet.

3. Beim Kraafttraining gëtt Fett a Muskelen ëmgewandelt

Kléngt schéin, mee ass awer net esou. Fett a Muskelen si komplett verschidden Zorte vu Geweebe. Wa mer Sport maache gi sécher eis Muskelen trainéiert, an eis Fettverbrennung leet lass. Mee dat sinn eenzel Prozesser. Wie Fett verbrenne wëll, muss dofir nieft dem Sport och e bëssen op seng Ernärung oppassen, a manner Kalorien eran huele wéi en all Dag verbrennt. Wie seng Muskele wierklech trainéiere wëll huet am Beschte seng Exercicer beim Trainéiere reegelméisseg ofzewiesselen, fir all d'Regiounen ze beusprochen.