De Kierper ze trainéieren ass ganz normal fir eis. Dobäi profitéiert och eise Kapp dovu wa mer e reegelméisseg trainéieren.

Wa mer och mental staark sinn, kënne mer besser mat Drock ëmgoen, méi kreativ ginn a mer kënnen och besser mat Problemer ëmgoen. An do ginn et relativ einfach Saachen, déi vill bréngen an och an eisen Alldagstress passen.

Sech op eppes konzentréieren

Grad an eiser haiteger Zäit, an der Multitasking als erstriewenswäert ugesi gëtt. Dobäi ass et genee esou wichteg, dass mer eis och op just eng Saach komplett fokusséiere kënnen. Doduerch léiere mer nees am Moment présent ze sinn an och op Detailer opzepassen.

Grenze setzen an och anhalen

Sief et op der Aarbecht, ärer Bezéiung oder och beim Sport: et muss ee sech net nëmmen Ziler sëtzen mee och Grenzen! A virun allem musst der kucken och dës Grenzen anzehalen. Heiansdo ass et nämlech wichteg fir eis och emol "Nee" ze soe wa mer fir eppes gefrot ginn. Esou ass et méi einfach d'Balance am Liewen ze halen, an net iwwerfuerdert ze ginn.

Bewosst Pause maachen

Mat enger "Bewosster Paus" mengt een, dass een sech geziilt e puer Minutte Rou sicht an sech och mat sech selwer ausernee sëtzt. An esou enger Paus gëllt et duerchzeootmen a sech senge Gefiller bewosst ze ginn. Doduerch kann een dann eraus fanne wisou een sech esou spiert, a wat ee kéint maache fir negativ Gefiller besser ze verschaffen. Besonnesch gutt funktionéieren do Meditatiounen. Wien eng Woch laang all Dag eemol meditéiert verbessert seng Opmierksamkeet, seng Energie a säi Stressmanagement a stäerkt d'Immunsystem.