"Ding, Dong. It's America Motherf*****" - George Washington

Et ginn Deeg do gënnt een sech ee bëssen zevill… A mengem Fall passéiert et haaptsächlech mat Fast-Food a no maximal 20 Minutten gezeechent vun engem Exzess u Cholesterol a Salz hunn ech ëmmer de selwechte Gedanken: Et war gutt mee war et wierklech derwäert?

Déi selwecht Fro hunn ech mer gestallt nodeem ech dat neiste Stéck un amerikanescher Satir op Netflix gesinn hunn:

America: The Motion Picture

America: The Motion Picture erzielt d’Geschicht hannert der Entstehung vun den USA an hellt sech wéi all Film ee puer artistesch Fräiheeten an hirer Erzielung. Brittesch Werwëllef, Cyborgs, en George Washington mat Motorseeën. Moment sot ech ee puer Fräiheeten? Nee, de Film hellt sech all d’Fräiheete fir verreckt Saachen oder domm Witzer ze maache well et ass f***** ‘Murica.

De Film hellt sech zu kengem Moment Eescht wann et em de reellen Hannergrond vun der Geschicht geet an zu Momenter ass de Film änlech wéi Batman Ninja och erfollegräich dësen Exzess ze verkafen. Ironescherweis hellt de Film nëmmen eng Saach ze eescht an dat ass den Humor. America: The Motion Picture ass esou drop eraus iwwert alles de Geck ze maachen dass de Witz oft op der Streck bléift.

Ech géing iech elo och Beispiller vum Film gi mee ech ka mech knapps dorun erënnere wat genau geschitt ass well ech kuerz nom Start duerch Reiziwwerlaschtung an ee Koma gefall sinn. Mécht dee Witz Sënn oder huet en iergendeppes zu dësem Reportage bäigedroen? Net wierklech? Esou mecht America: The Motion Picture et och. Et ass de perfekte Film fir d’Gehier auszeschalten a sech duerno ze froen:

Et war iergendwéi gutt mee war et derwäert?