Grouss Dreem, grouss Verännerungen a grouss Frëndschaften.

Wann een neie Pixar Film erauskënnt si fir mech d’Erwaardungen ëmmer relativ héisch. E puer vu menge Favoritte wéi Up, Inside Out oder Coco huele komplex Iddien a maachen se magesch a verständlech fir jiddereen an impressionéieren och ëmmer mat wonnerschéiner Animatioun.

De neiste Film vu Pixar, Luca, mécht déi meescht vun deene Saachen am selwechte Stil mee e bësse méi simpel wat am beschten an der Geschicht vum Film eriwwerkënnt. De Luca, ee Fësch-Jong oder Jong-Fësch, et gëtt net zu 100% erkläert wat hie genau ass, entdeckt eng nei Welt wou en sech fir d’éischte kéier aus dem Mier erauswot an ënnert Mënsche lieft. Et ass eng klassesch Kandheets-Geschicht déi an den Hänn vu Pixar säin Effekt net verléiert. Grouss Dreem, grouss Verännerungen a grouss Frëndschaften, vill méi muss a punkto Story net gesot ginn.

Hei fillen ech mech elo verflicht ze erwänen dass Luca an engem klengen italieneschen Duerf spillt a de Film een dat och net vergiesse léisst. Pasta, Mozzarella, Spaghetti, Espresso, a Luca gëtt esou mat italienesche Klischee ronderëm geheit dass ee sech froe muss ob Italien dee Film gesponsert huet. Ganz niewebäi, fir di Erwuessen déi grad lauschteren hei eng Iddi fir en Drénkspill: Eng Schlupp oder ee Shot all kéier wann am Film “Vespa” gesot gëtt. MEE fir zeréck op de Film ze kommen.

D’Animatioun vu Luca ass fir mech ee vun de beschten Deeler vum Film. Waasser, dat klengt italienescht Stiedchen, d’Iessen, bal alles an dem Film gesäit iwweragend aus an dréit vill zu der Magie vum Film bei. Deen aneren Deel sinn d’Charakteren. Obwuel all Persoun/Jong-Fësch/Fësch-Jong a Luca relativ simpel gestreckt ass sinn et alles onheemlech charmant Charakteren déi hiren Deel zum Film bäidroen, meng perséinlech Favoritten, fir déi déi de Film scho gesinn hunn, sinn de Pap an d’Katz.

Luca ass ee simpele Film mat vill Häerz an Animatioun déi italieneschen Tourismus zum Explodéiere brénge kéint. Ween also ee Feel-Good Movie fir en angeneemen Owend brauch, mat Luca kennt der bal näischt falsche maachen.