An enger Saison voll mat Marvel, stécht Invincible als iwweragend Serie eraus.

Invincible ass eng animéiert Superhelde Serie baséierend op engem Comic Buch dat ech, nëmme fir et direkt kloer ze stellen, nach net gelies hunn. Ech hunn d’Serie wéinst enger Recommandatioun vun engem Kolleeg ugefaangen a sinn zu bal 100% blann an Invincible era gaangen. And my mind was… BLOWN.

Ech wäert net an iergendwellech Detailer goe well ech esou wéineg Spoiler-Material well gi wéi méiglech mee Invincible ass méiglecherweis eng vun de beschte Superhelde-Serien déi ech bis elo gesinn hunn. Badass Kampfzeenen, ee Killer-Soundtrack an eng ganz Galerie u komplexe Charakteren, Invincible huet alles wat ech mer vun enger Superhelde-Serie fir Erwuessener wënschen. D’Stéchwuert “Erwuessener” muss hei ënnerstrach ginn, Invincible ass keng Serie fir Kanner. Jo léif  Elteren, nëmme well eppes animéiert ass, heescht net dass et fir Kanner ass. Kanner géingen hei méiglecherweis och net wierklech an der Geschicht nokomme well déi gréisste Stäerkt vun Invincible ass menger Meenung no d’Entwécklungen an d’Bezéiungen tëscht all de Superhelden A Béisewiichter déi een iwwert 8 Episode kenne léiert. Kee Charakter ass dee Selweschten zum Schluss vun der Season an dëst Kontinuitéit féiert zu richtege Verännerungen am Universum vun Invincible, eppes wat Marvel zum Beispill esou gär wéi ech et hunn net onbedéngt ëmmer hikritt.

Invincible bréngt en onheemlech interessante Spin zu dem momentane Superhelden Trend a konnt mech op ganzer Längt iwwerzeegen an ech kann et kaum erwaarde mech an déi nächst Season ze stierze wa se erauskënnt.