Hannert der Ofkierzung CFS stécht eng wäitverbreete Krankheet, déi dacks net diagnostizéiert gëtt...

Wie kennt et net? De Wecker schellt an et kënnt een net op. Et wäscht ee sech d’Zänn an ëmmer nach kritt een d’An knapps op. Ma Middegkeet um Moien ass eng Saach, permanent Middegkeet ass e ganz anere Kaliber an a verschiddene Fäll och eng richteg Krankheet. Dat Chronescht Middegkeetssyndrom, meeschtens sengem engleschen Numm "chronic fatigue syndrome" CFS no ofgekierzt, ass eng wäit verbreete Krankheet, déi dacks net diagnostizéiert gëtt.

En eendeitegen Ausléiser gëtt et hei net, ma dacks mécht sech CFS no enger Virusinfektioun bemierkbar. Tatsächlech handelt et sech hei em eng systematesch Erkrankung, bei där Nervesystem, Immunsystem a Stoffwiessel zesumme spillen. Weltwäit leide ronn 20 Millioune Leit un dem chronesche Middegkeetssyndrom, dovu méi Frae wéi Männer.

Wien elo mengt, dass d’Syndrom sech just duerch eng kleng Middegkeet weise géif, deen ënnerschätzt dat Ganzt. Betraffener fille sech schonn no deene klengsten Aktivitéiten richteg midd. Wärend déi meeschte Mënsche sech no engem Spadséiergang kuerz musse sëtze fir sech ze erhuelen, leeë sech CFS-Patienten an d’Bett fir nees fit ze ginn. Ma och Schlof bréngt net déi gewënschten Erhuelung, tatsächlech ass d’Gefill vu Schwächt a Middegkeet den Dag duerno souguer nach méi staark.

Dacks sinn déi Erkrankt guer net méi an der Lag hirem Beruff an normalen Alldag nozegoen an e Véierel vun de Patiente kënnen d’Haus souguer guer net méi verloossen. De Problem un der Krankheet, déi et also eescht ze huele gëllt, ass, dass Doktere sech schwéier domat dinn d’Diagnos ze maachen. Middegkeet ass nämlech oft eng Niewewierkung vun enger ganzer Rëtsch u Krankheeten a gëtt dacks mat engem „da rout iech einfach mol gutt aus“ kleng geschwat.

Wien net un CFS leit, ka sech den Ausmooss vun der Middegkeet meescht net virstellen an ënnerstellt de Betraffenen séier Faulheet an Desintressi. Chronesch midd Leit ginn deemno och gären als depressiv oder psychesch krank agestuft oder einfach guer net eescht geholl. Ma och wann eng Diagnos ausgeschwat gëtt ginn et et nach wéineg Medikamenter oder Therapie mat deenen sech d'Ursaache behandele loossen.

Lauschtert iech hei d'Reportage un