Déi lëtzebuerger Kënschtlerin Tyra ass zeréck mat senger neier Single "Dream Girl". Mir haten d'Sängerin am Eldo-Interview!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Komplett vun der Musek liewe kënnen – dat ass dem Tyra säin ultimatiivt Zil! Dofir cibléiert déi lëtzebuerger Kënschtlerin och den internationale Marché. Internationale Marché heescht awer och international Konkurrenz. A wann ee seng Promo mécht fir mat an d’Charts ze kommen an op deene grousse Radiosenderen ze lafen, kämpft ee ganz séier géint Nimm ewéi Rita Ora oder Bebe Rexha.

"Ech soe mir, dass wann ee probéiert seng Nische ze fannen an als Kënschtler iergendwéi erauszestoen, dann entsteet mat ganz vill Aarbecht trotzdeem eng Chance! En Debut-Album erausbréngen an eng immens flott Tournée op d’Been stellen, dat si wierklech grouss Ziler vu mir.”

Immens dankbar ass d’Tyra, dass hatt vu senge Leit zu München ënnerstëtzt gëtt. Do sëtzt seng Promotion Agentur, d’Label, de Publisher a virun allem och säi Produzent mat deenen hatt zanter 2017 zesummeschafft. An och no esouville Joren passt et mental nach ëmmer richteg gutt an an d’Team wiisst ëmmer méi zesummen.

“Si gi mir einfach d’Méiglechkeet mech esou weiderzeentwéckelen, dass ech mir selwer ëmmer trei bleiwe kann. Ech ginn an Näischt eragedréckt a kréien net gesot wéi ech eppes ze maachen hunn. Mir sinn einfach alleguer op enger Wellelängt.”

Nodeems d’Tyra wärend deem leschten annerhallwe Joer ganz vill Zäit hat fir iwwert säi Projet nozedenken ass him kloer ginn, dass et Zäit fir eng musikalesch Verännerung wier. Dee méi erwuessene Sound presentéiert hatt dann elo op senger neier Single “Dream Girl”. Eraus stécht virun allem de Kontrast vun deem modernen a staarke Beat mat den 808s, zu deem bësse méi verdreemte Charakter.

RTL

© Eldoradio

"Am Lidd geet et drëms, dass ee sech esou bëssen an Illusioune verluer huet. Et war net einfach fir dat Lidd ze erschafen. Mäi Produzent an ech hate Momenter an deene mir eis gefrot hunn ob mir net mat iergendeppes Anerem sollen ufänken. Mee ech sinn immens frou, dass mir et zu deem gemaach hunn wat et elo ass. Well et ass mengen ech eent vun de Lidder op déi ech bis elo am stolzte sinn." 

D’Tyra kann et kaum erwaarde seng Songs och viru Public ze performen. Well och wann hatt sech fir de Songwriting an de kreative Prozess ganz gären zeréckzitt a vum Rescht vun der Welt ofkapselt, lieft seng Musek virun allem vum Live!

“Dee Kontakt mat de Leit an zemools déi Energie wann’s de op der Bün stees – dat ass einfach onbeschreiflech. De Live an de Kontakt mat de Leit ass wéi wann denge Lidder wierklech Liewen agehaucht ginn.”

Aktuell ass d’Tyra permanent am Studio umgaangen nei Musek ze kreéieren. Mam Debut-Album waart hatt awer léiwer nach of bis déi international Situatioun e bësse méi iwwersiichtlech ass.