Den DASIC huet zesumme mat der Sängerin TA TI seng nei elektronesch Single "Never Leave" erausbruecht!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Den Dasic ass elo scho säit e puer Joer an der lëtzebuergescher DJ-Zeen aktiv. Vue dass hien sech immens vill Zäit fir d’Musek hellt, produzéiert a schreift hie seng Lidder all selwer. Fir säin aktuellt Lidd „Never Leave“ huet hien sech mat der Sängerin TA TI zesummegedoen.

„Den Dasic an ech kennen eis scho  säit e puer Joren an ech krut mat dass hien immens vill Musek mécht. Mir soten eis einfach wisou probéieren net mol zesummen ze schaffen.“

Wat fir den Dasic scho bal zur Normalitéit ginn ass, ass fir d’Sängerin TA TI awer nach ganz nei. Dës Single ass nämlech déi éischt Single déi hat offiziell mat released huet

Den Dasic probéiert ëmmer seng Lidder réischt erauszebréngen, wann se fir hie fäerdeg a prett fir de Release sinn. Dofir war hien och elo zesumme mam TA TI bal ee Joer amgaang dëst Lidd ze produzéieren.

„Ophuelen,  déi ganz Kompositioun, plus dann de Mix an de Mastering do hat ech wierklech immens vill Versioune mee mir hun awer alles selwer gemaach“

Am Lidd geet et dorëms, dass et bëssen d’Liewe soll beschreiwen. Déi 2 Museker hunn sech dovunner inspiréiere gelooss, dass vill Léit ëmmer fir d’Léift kämpfen an et herno awer net sou richteg klappt.

„Vum Text hir ass et eigentlech bësse méi traureg mee et ass awer agepaakt an engem EDM-Festival-Sound an dat ass da rëm méi Good-Vibes an Energie an den Text eben net esou an di zwou Welte kann een awer gutt matenee kombinéieren .“

RTL

Och an Zukunft probéieren déi zwee Museker eenzel nach u weidere Projeten ze schaffen an de Fans nei Lidder ze presentéieren. Fir Live-Optrëtter kéinten sech den Dasic an d’TA TI souguer virstellen een DJ-Optrëtt zesumme mat Gesang ze presentéieren.

„Ech mengen alles geet esou lues rëm op. A wann ech dann elo géif opleeën, da géif ech fir dëst Lidd, wat jo nach ganz fresh ass, d’TA TI och aluede fir live ze sangen. Ech mengen dat wär wierklech cool“

Am Moment wier awer elo direkt kee neit Lidd geplangt mee déi 2 Museker hunn awer och erzielt, dass si definitiv nach eng Kéier wëllen zesummeschaffen. Et wäert also net méi all ze laang dauere bis mir rëm eppes vun hinnen héiere wäerten.