Nodeems Lëtzebuerg duerch d'Héichwaasser an den Ausnamezoustand geroden ass, hu ganz vill Leit hier Hëllef iwwert Facebook ugebueden.

Lauschtert eran

De CGDIS war iwwer 1.000 mol am Asaz an honnerte vu Persounen hu misse relogéiert ginn. Et läit deemno op der Hand, dass vill Leit Hëllef gebraucht hunn an dat an alle Beräicher. An esou Momenter gesäit een, dass d'Solidaritéit hei am Land grouss geschriwwe gëtt.

Op Facebook hu sech nämlech séier Posts vu Leit fanne gelooss, déi hier Hëllef ugebueden hunn. Dat geet iwwert Hoteller, iwwer Privatleit bis bei Entreprisen. Esou huet zum Beispill den Hôtel Bel-Air Sport & Wellness ugebuede fir jidderengem, dee säin Haus huet misste verloossen oder deen net heem komm ass, een Zëmmer mat Vollpensioun zur Verfügung ze stellen an dat mat engem gratis Menu du Jour.

Och d'Déiereklinik Krakelshaff huet hier Plaz fir zum Beispill Schof zur verfügung gestallt. Jiddereen deen net wosst wou e mat sengen Déiere sollt higoen ka sech bei hinne mellen. Donieft war et dann och de Phillipe, deen iwwert Facebook de Leit mat Päerd d'Méiglechkeet ginn huet, hier Déiere kuerz bei him ënner ze stellen, bis d'Situatioun sech nees berouegt huet.

Zousätzlech ass awer och déi ganz Grupp ''Hëllef bei Héichwaasser'' gegrënnt ginn. D'Zil dovunner ass natierlech fir deene Leit déi Hëllef brauchen eng Ulafstell ze bidden a gläichzäiteg kënne sech do dann awer och Leit mellen déi selwer hëllefe wëllen.

An esou Zäite gesäit een, dass d'Solidaritéit hei am Land grouss geschriwwe gëtt.