Fir eis Rettungsdéngschter ass et virun allem schéin ze gesinn, dass d'Leit sech immens solidaresch gewisen hunn an deene leschten Deeg.

Och wann elo eng éischte Kéier konnt opgeootemt ginn, nodeems de Reen sou wäit opgehalen huet, ass d'Aarbecht fir de CGDIS oder och d'Arméi weider am Gaangen. An dësen Asaz gëtt och iwwerrall am Land gesinn an unerkannt. Bei eisem Post op de soziale Medien fir Merci ze soen, gouf och ëmmer nees d'Aarbecht an den Asaz vun de Pompjeeën ervir gehuewen.

Fir d'Männer an d'Fraen, déi den Ament am Asaz sinn, e bëssen ze belounen an och z'ënnerstëtze si mer mat Proviant an eng Rei Asaz-Zentere gaangen. Hir Aarbecht huet an deene leschte Stonnen nämlech guer net opgehalen. A wäert och nach eng ganz Zäit undaueren. An awer waren op de Gesiichter vun de Leit am Asaz ee Laachen ze gesinn. Et war een eemol einfach frou iwwert de Geste. Nach méi frou wier een awer och iwwert d'Solidaritéit déi sech gewisen huet. Och vill bei de Leit ënnerteneen  Esou goufe kuerzerhand Miwwelstécker vun engem Stack op deen anere gedroe, fir dës virum Waasser ze schützen. Oder och elo ginn d'Leit direkt eriwwer bei den Noper mat hëllefen a botzen, nodeems ee bei sech d'Situatioun ënner Kontroll krut.

De Moment verzichte si net nëmmen op Zäit mat der Famill oder Fräizäit mee och zu engem ganz groussen Deel op Schlof. D'Middegkeet wier awer ze packen. Och elo wou d'Situatioun sech stabiliséiert huet, wier et méi einfach positiv op déi nächst Deeg ze kucken. Virun allem ass d'Middegkeet awer ganz séier vergiess, wann ee gesäit wéi et ville Leit geet, déi alles vun engem Moment op deen anere verluer hunn.

Déi ganz Ekipp vum Eldo an och dat ganzt Eldoland soen Iech alleguer dobaussen am Asaz nach eemol ee ganz grousse MERCI!