Am Alter ass et ganz normal, dass déi kierperlech a geeschtlech Kompetenzen e bëssen ofhuelen. Ma géint béides kann eppes ënnerhuelen.

Lauschtert eran

Am Ufank freet ee sech iwwert säi Gebuertsdag. Wat een da méi al gëtt, wat een ëmmer méi realiséiert, dass esou ee Gebuertsdag och nees ee Joer méi bedeit. Ee Fait, dee bei ville Leit iergendwann zu esou eppes féiert wéi enger Midlife-Crisis. Ma domat geet et awer nach net duer! Äusserlech léisst sech den Alter umierken an deemno och am Gehier.

Fir sech elo am Kapp iwwert d'Jore fit ze halen, kann een eppes ënnerhuelen, esou d'Fuerscher vun der technescher Universitéit zu Dresden. An Enger Etüd déi an ''Nature communications'' verëffentlecht gouf, hu se dat bestätegt. D'Wëssenschaftler hunn nämlech d'Gehierer an d'Verhale vu verschiddene Mais verglach. Wärend déi eng just am Käfeg gelieft hunn waren déi aner an engem Ëmfeld dat se an Kognitioun a sozialer Interaktioun gefuerdert huet: Een Ëmfeld mat Spillsaachen an Tunnelsystemer, wou se sech zesummen a Gruppe konnten amuséieren.

Nodeems d'Gehierer vun de Mais ënnersicht goufen ass erauskomm, dass bei deenen déi méi gefuerdert goufen, d'Gehierzelle gewuess sinn a sech nei neuronal Verbindunge gebilt hunn. Virun allem wierkt sech dësen Effekt op den Hippocampus aus. Dee Beräich am Gehier, dee fir d'Léieren an d'Memoire verantwortlech ass. Iwwerdroe kann een dee Mechanismus och op de Mënsch an dat heescht fir eis ganz kloer, dass ee sech muss fit halen, esouwuel am sportleche Sënn, wéi och am sozialen a kognitiven.

Fazit

Fir och am Alter an alle Beräicher fit ze si gëtt vun de Fuerscher vun der Universitéit Dresden recommandéiert:

1. Sech genuch ze beweegen
2. Vill ze reesen
3. Seng Kontakter ze fleegen
4. Vill ze laachen
5. Eng gesond Ernierung
6. Aus Gewunnechten auszebriechen an Neies ze probéieren