Vill verschidde Faktoren droen dozou bäi wéi eist Liewe verleeft ma eng Konstant, déi bei allem matspillt ass eis Perséinlechkeet!

Sinn ech et oder hunn déi aner Mënschen einfach méi Gléck an hirem Liewen? Déi Fro stellt ee sech wuel heiansdo wann alles schif leeft. Villäicht gehéiert der awer och zu deene Leit bei deenen ëmmer alles iergendwéi säi Wee fënnt. Egal wéi gëtt et hei keng konkret Glécksformel, ëmmerhi ginn et ganz Rei Faktoren, déi dozou bäidroe wéi eist Liewe verleeft. Ma eng Konstant, déi bei allem matspillt, ass eis Perséinlechkeet a genee déi steet eis heiansdo am Wee.

Wéi mer op Situatioune reagéieren, wéi eng Haltung mer insgesamt vis à vis vun der Welt anhuelen, wéi mer mat Feedback ëmginn oder wéi mer eis upasse kënnen, dat sinn alles Zich vun eiser Perséinlechkeet, déi eist Liewe beaflossen.

Zesumme mat engem Team vu Fuerscher huet den US-Amerikanesche Wëssenschaftler Michael Boudreaux Perséinlechkeetsmierkmoler vu ronn 1.800 Participanten analyséiert an huet dobäi d‘Konzept vum "Intrapersonal Problems Rating Scales" opgestallt.

Hei ginn et verschidden Dimensiounen, huet ee Problemer an enger vun dësen Dimensiounen, esou d’Fuerscher, empfënnt een dacks Schwieregkeeten am Liewen. Hei déi 7 Critèren un deenen der erausfannt kënnt, ob är Perséinlechkeet iech am Wee steet:

 1. Emotional Dysregulatioun 

Wie sech iwwert Klengegkeeten opreegt, séier ufänkt mat kräischen, direkt rose gëtt oder immens liicht genervt ass vun aneren, dee kann un enger Regulatiounsstéierung vun de Gefiller leiden. Dëst äussert sech virun allem wann ee mat Stress an Drock net ëmgoe kann.

  1. Verënnerlechung
Op Englesch seet een hei "internalizing" an et léisst sech net 1 zu 1 iwwersetzen. Gemengt ass hei eng Aart Réckzuch a sech selwer, eppes dat dacks geschitt wann ee sech onsécher ass oder wéineg Selbstwäertgefill besëtzt. Dëst si Leit, déi sech ze vill vergläichen, d’Gefill hunn, dass anerer besser si wéi ee selwer an am allgemengen ze kritesch mat sech selwer sinn.

  1. Mangel un Disziplin
Iech fält et schwéier motivéiert a fokusséiert ze bleiwen a loosst iech léiwer oflenken, respektiv wësst guer net wat der mat ärem Liewen ufänke sollt? Da fält dat an dës Kategorie an huet och Auswierkungen dorop wat an eisem Liewe geschitt, oder eben och net geschitt.

  1. Veräusserlechung
Och hei mécht den engleschen Term méi Sënn wéi d’Iwwersetzung. Beim Externalizing schwätzt  ee vu Leit déi onbeduecht an onreflektéiert handelen an domat aner Leit a Gefor bréngen oder hir Gefiller verletzen.

  1. Perfektionismus
Gewëssenhaftegkeet kann zwar a ville Situatioune vu Virdeel sinn, ma och dës Eegenschaft kann eis am Wee stoen, dat virun allem da wann de Perfektionismus eis dorun hënnert spontan ze sinn oder Angscht ausléist Neies auszeprobéieren.

  1. Fantasie
Klengt wéi beim Perfektionismus ufanks mol positiv, ma wie just viru sech hin dreemt, ass zwar villäicht e kreative Kapp ka sech an der eegener Fantasie awer einfach verléieren.

  1. Apathie
Wie wéineg bis keng Begeeschterung verspiere kann oder am grousse Ganze keng besonnesch staark Emotiounen empfënnt, dee huet apathesch Zich a genee déi verspären eis och Saachen am Liewen.

Fazit

Wa Mënsche Problemer am Liewen hu sinn et also dës Dimensiounen, déi relevant sinn an en Hiweis dorop, dass eis Perséinlechkeet eis am Alldag Schwieregkeete bereet. Dat Schéint dorun: Wie sech deem bewosst ass kann och geziilt dru schaffen. Eis Perséinlechkeet ass zwar deels gefestegt, ma se ass net a Stee gemeesselt a ka sech deemno am Liewe veränneren an domat och eist Liewe veränneren!

Wie an allen Dimensioun immens gutt ofschneit an trotzdeem d’Gefill huet, dass d’Liewen net esou leeft wéi et sollt, bei deem ass et da warscheinlech drop zréck ze feieren, dass Ëmstänn vu bausse sech eis an de Wee stellen. Deemno kënne mer festhalen, dass och wa mer déi beschte Versioun vun eis selwer sinn, net onbedéngt alles ronn lafe muss. Wien awer scho mol mat der eegener Perséinlechkeet punkte kann a mat de verschiddene Phasen eens gëtt huet de wichtegste Critère vun allen erfëllt.