Extrem Wiedersituatioune ginn et net nëmmen am Ausland. Wichteg gëtt do d'Versécherung. Mer hunn nogefrot wéini ee sou eng Assurance brauch.

No de staarken Iwwerschwemmunge vu leschter Woch, huet eis d'Natur nees demonstréiert, dass Wiederextremer och zu Lëtzebuerg geschéie kënnen. Wann ee vun esou enger extremer Situatioun getraff gëtt ass eppes duerno ganz besonnesch wichteg: déi richteg Assurance. Mer hu mam Marc Hengen vun der ACA doriwwer geschwat, wéini een eng Assurance géint Héichwaasser brauch oder aner Schied.

Lauschtert hei eran!

Et ass net fir d'Éischt, dass mer hei zu Lëtzebuerg och Iwwerschwemmunge kënne kréien. Ma d'lescht Woch huet awer gewisen, dass et och op Plazen zu Iwwerschwemmunge ka kommen, déi normalerweis net dovu getraff ginn. D'Fro déi ee sech stelle kann: ass esou eng Assurance da villäicht obligatoresch?

D'Äntwert: nee ass se net. Genee esou wéi eng Assurance géint Feier oder géint Stierm esou de Marc Hengen. Et wier awer besser sech géint esou Fäll ze verséchere, fir esou enger Situatioun virzebeugen, dass een alles verléiert duerch esou Naturkatastrophen.

Et kann ee sech awer natierlech d'Fro stelle wat Sënn mécht fir déi perséinlech Situatioun a wat net. Dofir réit d'ACA och, dass een am Beschte säin Assureur kontaktéiere soll wann een iergendeng Fro zu de Risiken huet géint déi ee verséchert ass oder sech villäicht verséchere wëll. "Och wann et nëmmen eng Fro ass", sot de Marc Hengen eis am Interview.

Wéi d'Entwécklung vum Wieder an deene leschte Jore gewisen huet, klëmmt d'Wahrscheinlechkeet selwer vun enger Naturkatastroph getraff ze ginn. Sief dat duerch een Tornado, eng Iwwerschwemmung oder een aneren Zenario. Beim Waasser huet sech virun allem gewisen, dass een net nëmmen am Risiko ass duerch ee Gewässer dat an der Géigend fléisst. Och d'Situatioun, wann d'Waasser ofleeft, kann een treffen, obwuel een net direkt bei Waasser wunnt.