Fir déi eng ass et nëmme Stress, fir déi aner ass et eppes wat e sou niewe bei mécht, an fir nach anerer fänkt beim Wallis packen, d'Vakanz schonn un.

Zu wéi engem Typ Wallis-Packer zielt dir?

De Minimalist

Hien geet an d'Vakanz just mat sengem Handgepäck. Kleeder huet ee jo un, da brauch een u sech just nach seng Zännbiischt an den Handylueder. A wann eppes feelt: et kann een et jo nach spontan kafen!

Leit déi esou reese sinn entspaant, labber an onkomplizéiert.

Den Organiséierten

Hien mécht sech scho Wochen am Viraus eng Lëscht mat allem wat iergendwéi mat muss. Kuerz virun der Ofrees gëtt dann eng zweet Lëscht gemaach. Hei kann een dann hannert all Géigestand en Check maache wann e bis agepaakt ass. Déi selwecht Lëscht geet dann och direkt mat an d’Vakanz fir de Réckfluch. Esou gëtt sécher näischt vergiess. D’Wallis ass allerspéitstens 1 Woch virun der Ofrees prett.

De Organiséierten ass e Kontrollfreak, engagéiert a perfektionistesch.

D’Diva

Et muss alles mat. Kleeder alle Faarwen. Et muss jo alles kombinéierbar bleiwen. An esou huet e méi Auswiel. D’Wallis geet quasi net méi zou, d’Gewiicht vum Gepäck kann onméiglech agehale ginn. Mee dat ass och zweetrangeg. Da léiwer méi bezuelen, an net mussen op eppes verzichten!

D’Diva ass glamouréis, wieleresch a komplizéiert.

De Lastminute-Packer

U sech misst hie schonn um Flughafe sinn, do fänkt hien awer mol un seng Wallis ze packen! D’Wallis gëtt innerhalb vu 5 Minutte vollgeschmass mat Kleeder, a lauter Saache wat engem spontan an d’Hänn kënnt. Dobäi vergësst en awer déi offensichtlechst Saachen.

Hien ass eng witzeg, onorganiséiert, onzouverlässegen a jong gebliwwe Persoun.

Den "Et-weess-e-jo-ni"-Packer

Wann et an d'Schivakanz geet, ginn awer mol d'Schwammsaachen agepaakt. An an d'Summervakanz geet awer mol léiwer d’Wanterjackett mat. „Et weess e jo ni...." Logescherweis ass seng Wallis och ëmmer iwwerlueden.

Den "Et-weess-e-jo-ni"-Packer ass ängschtlech, virsiichteg a besuergt.

Lauschtert eran!