Neie Video vun den Rocklab Pop-Up Sessions. Dës Kéier mat dobäi: Stiff Peaks! Mir haten den Yves Stephany am Eldo-Interview.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Am Januar 2020 hunn den Yves Stephany an den Jamie Reinert den Duo Stiff Peaks gegrënnt. Déi zwee Museker si scho säit Joren a Lëtzebuerg an der Musekszeen ënnerwee. Duerch d’Pandemie konnten si bis elo awer nach net immens vill Concerte spillen a ware lo immens frou dass sinn am Kader vun de Rocklab Pop-Up Sessions konnten optrieden.

"D’Iddi ass komm wärend der Pandemie well d’Rockhal eidel stoung an si keng Concerten organiséiert hunn. Et huet eis immens gefeelt a Concertssäll ze sinn an dunn koum eis d’Iddi: Komm mer benotzen d’Rockhal als Instrument."

D’Musek vu Stiff Peaks kann een als immens experimentell beschreiwen a besteet aus enger Pedal-Steel Gittar an Synthesizer zesumme mat Effekter an Drums. D’Musek soll éischter abstraktverdreemt kléngen an eng Atmosphär schafen.

"D’Pedal-Steel Gittar déi bréngt bësse Wäermt an déi ganz elektronesch Welt dat war bëssen d’Iddi. Mir vergläichen eis ëmmer bëssen sou: „Ech sinn den Alien an hien ass de Cowboy a mir treffen eis do bëssen an der Mëtt“"

Vue dass déi 2 Museker hir Musek ëmmer rëm weider entwéckele kann een eigentlech sécher sinn, dass ee Lidd ni wäert d’nämmlecht klengen. Hier Optrëtter kéint een als als spontan Jam-Session beschreiwen, bei der si hir Méiglechkeete vun den Instrumenter ausreizen an improviséieren.

"Mir hunn eis Instrumenter, dat sinn eis Limitatiounen, mir kucke wéi weit mer domadder kenne goen a mir probéieren sou weit wei méiglech op Computeren ze verzichten an nëmmen Hardware ze benotzen, also Instrumenter déi an enger Këscht dra sinn an net eng Software hunn."

RTL

© Eldoradio

Bei de Rocklab Pop-Up Sessions sinn di zwee Museker ee ganze Weekend an d’Rockhal gefuer fir dëse Projet opzehuelen. Vue dass hir Performance op Improvisatioun opgebaut ass, hunn si dës réischt sur Place kënne prouwen an ophuelen.

"Eis Iddi war eben, komm mir benotzen d’Rockhal als Echochamber a maache Musek an der Rockhal. An mir schécken a verschidde ronderëm Sound a verschidde Geräischer an Téin an dann huele mer déi op a mixen dat zréck an eis Kompositiounen an eis Performance."

Stiff Peaks probéieren duerch d‘Rocklab Pop-Up Session hir Musek engem bësse méi grousse Public ze weisen. An Zukunft wäerten si dann och probéiere weider Concerten ze spillen, villäicht souguer op Platzen déi bis elo nach net sou vill mat experimenteller Musek ze dinn haten.