Mer hunn zesumme mam Frank Maas aus dem ACL Diagnostik Zenter geschwat, fir eraus ze fannen ob, a wa jo, wéi déif ee mam Auto dierf an d'Waasser fueren.

Bei den Iwwerschwemmunge vu leschter Woch sinn och Autoen hänke bliwwen, déi net méi weider komm sinn am Waasser. Op wat muss een do oppassen wann een an d’Waasser era fiert? A wat fir Schied riskéiert een do um Auto?

Wéi déif kann oder soll een eigentlech mam Auto a Waasser era fuere?

Eigentlech soll ee vermeide mam Auto a Waasser eranzefueren. Dat well een net weess wat ënnert dem Waasser ass. Besonnesch bei Stroossen déi iwwerschwemmt goufen, kann een net gesinn, op d'Strooss villäicht beschiedegt ass oder d'Gullideckelen erausgedréckt goufen an een doduerch och mam Pneu am Kanal-Lach kéint hänke bleiwen. Do kann een ee Schued un der Radophänkung oder och de Felgen an de Pneue riskéieren.

Allgemeng réit den ACL dofir am Zweiwelsfall besser ëmzedréinen an een anere Wee ze fueren. Wann et sech awer net vermeide léisst duerch d’Waasser ze fueren, soll een dat scho mol lues maachen. An awer soll een oppassen, wéi héich d’Waasser steet.

Lauschtert hei eran!

Allgemeng schleeft den ACL Autoen of, bei deenen d'Waasser bis zur Mëtt vum Rad steet. Do ass de Risk nämlech grouss, dass de Moto géif Waasser usauge wann en un ass. Do kritt de Motor dann een Totalschued. Wann d'Waasser weider klëmmt an eventuell zu den Dieren era kënnt kann d'Elektronik an d'Ausstattung staark beschiedegt ginn.

A wann een da bis am Waasser net méi viru kënnt, soll een och virun allem net weiderhi probéieren weider ze fueren oder ze probéieren aus eegener Kraaft eraus ze kommen. Dofir soll een och da kucken sech an aner Passagéier aus dem Auto z'evakuéieren. Dat och well ee jo net weess ob oder wéi séier sech d'Situatioun dramatesch verschäerfe kann. Wéi séier dat ka goen, huet eis d'Natur nach eemol um 15. Juli demonstréiert.