Léif mat senge Matmënschen ze sinn ass gutt a wichteg, ma och gëllt et: Alles a Moossen!

Eppes ass kloer: Fein sinn ass e gudde Charakterzuch! Wie fein ass kritt dëst och vu senge Matmënschen zréck a suergt dofir dass aner Leit sech och gutt spieren. Ma iwwerdreiwe sollt een et domat trotzdeem net, dat kann ënner Ëmstänn nämlech och zu eegene Problemer feieren. Wéi kënne mer lo erausfannen ob mer ze léif mat anere sinn oder net? Ganz einfach kuckt mol ob der iech hei erëm erkennt:

Dir kommt privat a berufflech einfach net virun

Sympathesch eriwwer kommen ass esouwuel am Job, wéi och mat Frënn a Famill wichteg, ma wien ëmmer just "jo an Amen" seet fir net unzëecken, dee gëtt zwar net als onbequem ofgestempelt, ma kënnt och net virun am Liewen. Och wann dat d'Harmonie stéiere kann: Et ass och mol wichteg de Mond opzemaachen a kloer an däitlech ze soe wat ee wëll, soss kritt een et nämlech net.

Keen huet en oppent Ouer fir iech

Iwwer-fein Leit hunn Angscht hir Matmënsche mat hire Problemer ze belaaschten an hale sech dowéinst léiwer bedeckt, wéi ze vill vun den eegene Suerge Präis ze ginn. Ma Leit kënne keng Gedanke liesen a wie sech anere vis à vis ni opmécht, muss d'Saachen da mat sech selwer ausmaachen. Dat Problematescht dorun: dës Persoune fille sech deemno net wouer geholl an dat obwuel si ëmmer fir Anerer do sinn.

Dir kommt dacks ze kuerz

Dat lescht Stéck Kuch, eng Loun-Erhéijung, déi een eigentlech verdéngt hätt oder de Wonsch léiwer un d'Mier wéi un d'Bierger ze fueren - Dat sinn alles Saache bei deenen ze fein Leit sech zeréckhalen an aneren de Virtrëtt loossen. Ma genee dat suergt dofir, dass se iwwersinn, an a Punkto Bedürfnisser, Interessen a Meenungen net berécksiichtegt, ginn.

Bei iech entschëllegt sech keen

Dir sot gefillt 100 mol den Dag Merci a Pardon, ma bei iech bleiwen d'Entschëllegungen aus? Dat leit dorun, dass ze fein Mënschen oft den Androck hannerloossen, dass alles ok ass, och wann dat guer net stëmmt. D'Leit, déi mol besser hätte Pardon ze soen, gesinn net, dass et iech déck deet a schwätzen et einfach net méi un. Esou bleiwen Entschëllegungen, déi wichteg wären auszeschwätzen einfach mol aus.

Aner Mënsche flirte mat iech obwuel dir iech guer net wierklech interesséiert weist

Et wollt ee just frëndlech sinn an Zack kritt een e bëssen ze vill Opmierksamkeet vun deem vis à vis. Dat geschitt immens léiwe Leit méi dacks, an och wann dat elo net problematesch klengt, ass et fir fein Leit eng "never ending story" well probéiert mol als ultra fein Persoun engem aneren e Kuerf ze ginn.

Lauschtert eran