Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

El Profesor - Bongo Cha Cha Cha

Soubal se Musik héiere fänken d'Féiss vun de Widderen u sech ze beweegen.

Stéier

Justin Bieber - Sorry

Et fällt de Stéiere grad schwéier sech z'entschëllegen an hire Feeler anzegestoen.

Zwilling

Drake - Toosie Slide

Eis Zwillinge rutsche gutt gelaunt duerch déi ganz Woch.

Kriibs

Maneskin - Beggin'

Et gëtt eng gutt Woch fir eis Kriibsen: deen een oder anere vun äre Wënsch wäert sech elo erfëllen.

Léiw

Jason Derulo - Trumpets

Egal ob an der Vakanz oder doheem: eis Léiwe brauchen de Moment non-stop Musek an den Oueren.

Jongfra

DASIC x Dee x VDG feat OKE - All I Want

D'Jongfrae wësse ganz genee wat se brauchen a losse sech do och net dra schwätzen.

Wo

Snoop Dogg ft Justin Timberlake - Signs

Eis Woen erkennen d'Zeechen: et gëtt Zäit fir eng anstänneg an erhuelsam Vakanz.

Skorpioun

Jolyon Petch - Dreams

Eigentlech dreemen d'Skorpioune vu ganz klenge Saachen. Erfëllt iech dës Dreem elo!

Schütze

The Chainsmokers feat. Daya - Don't Let Me Down

Eis Schütze huelen et guer net gutt op wa se vu Frënn enttäuscht ginn.

Steebock

Ava Max - Everytime I Cry

E bëssen no um Waasser gebaut hunn eis Steebéck dëser Deeg.

Waassermann

Walk The Moon - Can You Handle My Love

Fir de Moment hunn d'Waassermänner domat ze kämpfen hir Léift richteg ze weisen.

Fësch

P!nk - Just Like Fire

Et geet richteg hëtzeg hier bei eise Fësch. Reizt se besser net.