Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

Jonas Brothers feat Karol G - X

Zäit d'Lëpsen emol ze fleegen, bei de Widdere gëtt des Woch hefteg geknuutscht.

Stéier

Loud Luxury feat Brando - Body

Eis Stéiere spiere sech esou richteg gutt an hirer Haut an dat gesäit een.

Zwilling

Ariana Grande feat Justin Bieber - Stuck With U

Elo ass net dee richtege Moment hänken ze bleiwen och wann d'Motivatioun kleng ass.

Kriibs

Shakira - Don't Wait Up

Amplaz ëmmer ofzewaarden ginn d'Kriibsen elo aktiv an huelen hier Zukunft selwer an de Grapp.

Léiw

BENEE Feat. Gus Dapperton - Supalonely

D'Léiwe genéisse grad e bësse Rou ier et nees mam Alldag lassgeet.

Jongfra

Calvin Harris feat. Tom Grennan - By Your Side

Eis Jongfrae komme gutt duerch eng méi schwiereg Zäit mat der richteger Stäip un hirer Säit.

Wo

Ledé Milestone feat T The Boss - ADRENALIN

D'Woe kënnen dës Woch einfach keng Sekonn roueg sëtze bleiwen.

Skorpioun

SHOUSE - Love Tonight

Bei eise Skorpiounen gëtt et grad all Owend eng extra Portioun Léift.

Schütze

Camila Cabello feat DaBaby - My Oh My

Besser net opreege mee einfach eemol déif duerchootmen.

Steebock

Dorian & Louvar - Sans Condition

Eis Steebéck wëlle sech de Moment léiwer net de Kapp zerbriechen.

Waassermann

Bella Poarch - Build a Bitch

Et kann ee sech net alles esou bastele wéi een et gären hätt. Domat mussen eis Waassermänner elo eenz ginn.

Fësch

Milky Chance - Down By The River

Et ass Zäit fir eng anstänneg Ofkillung fir eis Fësch, also Zäit fir an d'Waasser!