Ee gutt Wuert héiere mer eigentlech all gär. A wa mer léif si mat eise Matmënsche profitéiere mer alleguer!

Ee Kompliment ass eigentlech séier gesot. An och wann et eis emol keng 10 Sekonne kascht et auszeschwätze, kann et déi aner Persoun dee ganzen Dag iwwer begleeden a freeën. Wat bewisen ass: Komplimenter léise wuertwierlech Gléck bei eis aus. Wa mer een éierlecht Kompliment kréien ginn d'Gléckshormoner Serotonin, Dopamin an och Oxytocin an eisem Kierper produzéiert. Oxytocin ass da wichteg fir tëschemënschlech Bezéiungen ze verstäerken. Sief dat elo an enger Bezéiung oder bei Frëndschaften.

Lauschtert hei eran!

Et ginn awer och Komplimenter déi schlecht ukomme kënnen. Eemol ass et ganz wichteg, dass een ee Kompliment och genee esou mengt. Well einfach just ee Kompliment maachen an et awer net esou ganz mengen ass definitiv keng gutt Iddi. Dat mierkt déi aner Persoun meeschtens ganz séier. An dann ereescht ee genee de Géigendeel mat sengem Kompliment. An et ginn och Kierperregiounen déi een net muss kommentéieren och wann et eescht gemengt ass: zum Beispill d'Brëscht oder den Hënner. Allgemeng all Remarken déi sexuell gemengt si kann ee sech spueren. Ausser natierlech et ass een de Partner, an et ass ee just zu zwee.

An allgemeng ass et gutt wa mer e bësse méi léif mat eise Matmënsche sinn. Well mer wësse jo ni wierklech wéi et de Leit ronderëm eis wierklech geet. An een eescht gemengt, spontaant Kompliment ka villäicht eng vill méi grouss Wierkung hu wéi mer eis et bewosst sinn. Dofir: komm mer sinn e bësse méi léif mateneen. Méi schlecht gëtt eis Welt doduerch sécher net.