Verschidde Sätz si warscheinlech esouguer gutt gemengt, sinn awer komplett onnéideg, nerven an hëllefen eis kee Fatz weider - hei eng kleng Auswiel!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Laach dach emol!
Gëtt et dofir e Grond? Nee! Ech si kee Vollidiot a wuel grouss an al genuch fir selwer entscheeden ze kënnen ob, wéini oder wou ech laachen!

Maach dech emol labber!
Schonn eng Kéier erlieft, dass ee sech entspaant nodeems dëse Saz gesot gouf? Ech géif dir roden déi nächste Kéier einfach de Mond ze hale wann deen anere rosen ass!

Reegelméissege Sport géif dir och emol gutt doen!
Fir d’éischt emol Merci fir d’Kompliment! Scho mol driwwer nogeduecht, dass ech vläicht einfach kee Bock hunn joggen oder schwammen ze goen oder Yoga ze maachen? Geet dech iwweregens guer näischt un!

Iess net esouvill Zocker, dat ass ongesond!
Ah nee wierklech?! Aus renger Expressegkeet bestellen ech mir elo mol e Latte Macchiato mat enger duebeler Portioun Karamell-Sirop. Oh an zwee Stécker Kuch géif ech och nach huelen. War eppes?

Schlof emol eng Kéier aus, da geet et dir besser!
Do sinn ech och schonn drop komm, géif ech jo och gär! Kann ech awer net. Nuecht!

Maach dir kee Kapp!
Ma lo wou’s du et sees halen ech natierlech direkt op domat. Coolen Tipp, Merci! Denk just drun, lo hunn ech vill Zäit fir mir Gedanken ze maachen, wéi ech wéinst deem Saz am beschten de Kontakt mat dir ofbriechen!

Sief net ëmmer esou negativ!
Alright, wann’s du mengs... Et kann awer och net ëmmer nëmme gutt lafen a vläicht hunn ech jo all Grond aktuell schlecht drop ze sinn?! Looss mech einfach a Rou!