Am Ausland flirten d'Leit ganz anescht wéi hei zu Lëtzebuerg. Mir maachen iech een Iwwerbléck wat wou gutt ukënnt.

Lauschtert eran

Aner Länner, aner Sitten. Esou oder esou änlech kann een dat Sprachwuert och op d'Flirte bezéien. An der Vakanz ergëtt sech esou ee Flirt nämlech vill méi einfach wéi hei zu Lëtzebuerg am Alldag. Elo muss ee just nach wësse wéi eng Natioun op wéi eng Art a Weis d'Füler ausstreckt. Wann een dat bis weess ass een op der gewonnener Säit.

Frankräich

D'Fransouse sinn zum Beispill dofir bekannt, dass se net laang ronderëm de Bräi schwätzen. Dofir hu se gär wann een d'Initiativ ergräift an de Flirtpartner einfach uschwätzt. Donieft sinn se och nach houfreg op hier Natioun an dovunner kënnt der profitéieren. Maacht hinnen e puer Komplimenter ronderëm déi franséisch Kichen a Sprooch. Domat dierft ee gudde Grondstee geluecht sinn.

Italien

Bei den Italiener ass et änlech, just mat deem Ënnerscheed, dass se extrem temperamentvoll a kommunikativ sinn. Eng Eegenschaft déi ee sech kann zu Notze maachen. Maacht Komplimenter a sidd selbstbewosst an ärem Optrieden. Op d'Authentizitéit an Intelligenz gëtt hei méi Wäert geluecht wéi op d'Geschéck am Gespréich. Verstelle musst der iech also net.

Spuenien

Wien a Spuenie flirte wëll dee muss sech bewosst sinn, dass do d'Distanz tëscht de Gespréichspartner e gutt stéck méi kleng ass wéi hei am Land. Kierperkontakt ass do selbstverständlech, virun allem well se vun Natur aus eng frëndlech an oppen Natioun sinn, déi gäre flirten an och Komplimenter maachen.

Japan

Bei de Japaner fält d'Flirte wuel am schwéiersten. Et ass nämlech ee Vollek dat méi zeréckhalend ma dofir awer och extrem frëndlech ass. Kierperkontakt wéi zum Beispill Ëmäerbelunge kommen deemno net wierklech gutt un. Wann engem ee Japaner keng Äntwert op eng Fro gëtt, mee einfach nëmme laacht dann heescht dat meeschtens "nee". Indiskret a perséinlech Froe wäerte se deemno ni direkt beäntwerten an einfach nëmme liicht laachen.

Fir de Recht wënsche mer vill Spaass beim Flirten.