An enger Ëmfro wollt Eurostat vun den EU-Bierger wësse wéi vill zockerhaltegt Gedrénks si drénken.

Sief beim séiere Snack ënnerwee, am Kino, oder owes gemittlech doheem. Deen een oder anere gënnt sech heiansdo mol gären e séisst Gedrénks. Sief et elo déi brong Limonad aus de roude Béchsen oder soss en anert Gedrénks mat Zocker dran. Ma mir Lëtzebuerger schénge wat eise Konsum vun zockerhaltege Gedrénks ugeet nach zimmlech disziplinéiert  ze sinn. Dat huet op mannst eng Ëmfro vun Eurostat erginn.

An dëser Ëmfro, wollt dat europäescht Amt fir Statistik - kuerz Eurostat - vun den Awunner vun deene verschiddenen EU-Länner wëssen, wéi dacks si Gedrénks mat Zocker konsuméieren. Ma Mëttlerweil leien d'Resultater vun dëser Ëmfro fir.

Deemno hunn am Joer 2019 9 Prozent vun den EU-Bierger am Alter iwwer 15 Joer op d'mannst een zockerhaltegt Gedrénks pro Dag gedronk. Männer drénken an der EU méi dacks Saache mat Zocker dran ewéi Fraen. Wärend 12 Prozent vun de Männer wéinstens een esou e Gedrénks den Dag zou sech huelen, sinn et bei der bei de Fraen nëmme 7 Prozent.

Iwwerdeems, drénke jonk Leit éischter séiss Saachen ewéi eelerer. Wärend bei de Leit am Alter vu 15 bis 24 Joer ronn 14 Prozent vun de Leit all Dag op mannst eng Limonad drénken, sinn et der bei deenen am Alter iwwer 75 nëmme 5 Prozent.

Ma wéi gesäit et dann elo bei deene verschiddene Länner aus? Am gesondste Liewen anscheinend d'Esten. Nëmmen 2 Prozent vun hinnen drénken all Dag zockerhalteg Saachen. Um aneren Enn vun der Échele fënnt een dann eis Belsch Noperen. Bei hinnen drénken 20 Prozent vun de Leit op d'mannst een esou e Gedrénks pro Dag.

An d'Lëtzebuerger. Wéi disziplinéiert si mir wat de Konsum vun zockerhaltegem Gedrénks ugeet. Ma wann een Eurostat gleewe kann, ass eis Disziplin zimmlech grouss. Esou drénken nëmme ronn 6 Prozent vun de Residenten all Dag op d'mannst ee sou ee Gedrénks. Domadder ass den Undeel vun dëse Persounen hei am Land méi kleng ewéi an all eisen Nopeschlänner.

Lauschtert hei de Reportage!