Einfach mol ee Roadtrip maachen an d'Fräiheet genéissen. Ma op esou enger Tour fënnt een ëmmer nees déi nämmlecht Charakteren erëm.

Lauschtert eran

Virun allem an der Pandemie hu vill Leit op de Fliger verzicht a si mam Auto an d'Vakanz gefuer. Et ass eng Aart a Weis ze reesen, duerch déi ee ganz vill Flexibilitéit huet. Wann ee sech spontan decidéiert méi laang an der Vakanz ze bleiwen, bucht een einfach op der Plaz e puer Nuechte méi, ouni nach mussen een neie Flug ze buchen.

Wann een da bis zu puer am Auto ënnerwee ass fält engem op, dass ee verschidden Type vu Begleeder ëmmer nees erëm fënnt.

Den DJ

Egal wou hin a wéi laang ee wierklech ënnerwee ass, ass ëmmer ee mat dobäi deen d'Muecht iwwert den Auxiliaire Kabel oder de Bluetooth am Auto huet. An anere Wierder ass ëmmer een dobäi dee fir d'Musek zoustänneg ass an déi Tâche och net gären ofgëtt.

De liewegen Navi

Fréier ass ee mat enger Kaart duerch d'Welt gefuer, haut ass et dann den Navi deen eis vun A op B féiert an dat esouguer nach mat Stau-Warnungen. Trotz der genialer Erfindung huet een ëmmer deen een oder aneren dee mengt de Wee besser ze kennen an deemno insistéiert net dem Navi no ze fueren. D'Resultat: En Ëmwee oder Demi-Tour.

King of Snacks

Natierlech brauch een op enger Rees mam Auto och Proviant. Meeschtens ass dat kee Problem, well ëmmer een dobäi ass dee gefillten 20 Kilo Kamellen, Chipsen a Kichelcher dobäi huet. D'Snacks ginn also ni aus a Gedrénks huet een duerch esou ee Passagéier och genuch.

Dee mat der schwaacher Blos

Egal wéi wäit ee fiert. Iergendwéi huet een ëmmer eng Persoun dobäi déi gefillt no all 30 Minutten d'Aen no enger Toilette op hält. An anere Wieder: Eng Persoun mat enger schwaacher Blos. Fir een Trajet vun 3 Stonne bleift ee mol gären 2 mol stoen.

Egal wéi nerveg verschidde Saachen heiansdo sinn. All eenzele Personnage ass wichteg, dass ee Roadtrip och wierklech ee Roadtrip ass.