Chalet um Séi oder Bamhaus matten am Bësch - Natur puer gëtt ëmmer méi beléift!

Einfach mol erofkommen, wäit fort vu Mënschenmaassen an dem domat verbonnene Stress, déi Zort vu Vakanz gëtt ëmmer méi beléift an dozou gehéiert dann natierlech och déi passend Destinatioun. Amplaz vun Hotellen um iwwerfëllte Strand oder Appartementer an enger Groussstad setzen Touriste vill méi dacks op eng naturbeloosse Vakanz, déi een dann an engem Haischen oder souguer aus engem Van eraus genéisst. Och an Europa ginn et hei vill Ziler, déi ee sech mierke kann.

Lauschtert eran

Eng Etüd, duerchgefouert vun "Save on Energy" huet erausfonnt, dass op eisem Kontinent mëttlerweil méi wéi e Véierel vun der Fläch vu Schutzgebidder bedeckt ass. Hei sinn d'Top 5 aus Europa:

1. Lëtzebuerg

Ganz wäit vir a Saache vum Naturschutz läit eist Ländchen. Der Etüd no stinn hei méi wéi dräi Véierel vum Land ënner Naturschutz. Ganzer 134 Gebidder maachen hei eng Gesamtfläch vun 1963 Quadratkilometer aus, dat si 76 Prozent vun der Landfläch. Ma da steet der Vakanz doheem jo näischt méi am Wee!

2. Slowenien

Direkt hanner Lëtzebuerg, och mat engem Undeel vu bal dräi Véierel vum gesamte Land, déi geschützt sinn, steet Slowenien. Ganzer 1891 Gebidder suergen hei fir de Schutz vun Natur an Déieren. Besonnesch schéin ass hei den Nationalpark Triglav, deen zu den eelsten an Europa gehéiert. Hei erwaard een idyllesch Landschaftsbiller wéi gréng Wisen, Bieren, Alpen a Flëss.

3. Malta

Ronn dräi Fënneftel vum Land stinn ënner Naturschutz an domat befënnt sech Malta op der Plaz 3 erëm. D'Insel huet 316 Quadratkilometer, dovu si 65 Prozent Naturgebidder. Esou zum Beispill den Ta Qali National Park, dee sech ubitt fir derduerch ze wanderen, Vëlo ze fueren an och Aventuren ze erliewen an engem Adventure Park.

4. Zypern

Iwwert d'Hallschent vun Zypern ass Naturschutzgebitt, deemno 9251 Quadratkilometer a soumat 56% vum Land. D'Schéinheet vun Zypern kann een zum Beispill am Cape Greco National Forest Park op sech wierke loossen. Eng Vilfalt u Weeër duerch d'Natur suergt hei dofir, dass een näischt vun der Flora a Fauna verpasst.

5. Liechtenstein

Och hei ass bal d'Hallschent vum Land Schutzgebitt, nämlech 45%. Domat wäre mer also bei eiser Top 5 vun de Plazen, déi am meeschte geschützten Natur an Europa opweises hunn. Matten an der Haaptstad vum Land fënnt een hei den Naturpark Haberfeld, an deem een Weieren, Sumpf- an Dëmpel-Gebidder bewonnere kann. En Wee am Park feiert ausserdeem direkt an d'Stad Vaduz, falls  een iergendwann dann awer genuch vun der Idyll a Rou sollt hunn.