An enger vun de Petitioune gëtt gefuerdert, dass een och en Test am Franséischen oder Däitsche maache ka fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien.

Zënter dem 30. Juli kënne 4 nei Petitiounen um Petitiouns-Site vun der Chamber ënnerschriwwe ginn.

Wéi et ausgesäit war ee vun de Petitionären dann och vun de rezenten Iwwerschwemmunge beaflosst. Dëse fuerdert nämlech, dass d'Lutte géint de Klimawandel an de Verloscht vun der Biodiversitéit als national Prioritéit definéiert ginn.

Eng weider Petitioun beschäftegt sech da mat de Konditioune fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. An Dëser gëtt gefuerdert, dass een amplaz vum Lëtzebuergesche Sproochentest, och en Test am Franséischen oder Däitsche maache kann. Als Begrënnung heescht et an der Beschreiwung vun der Petitioun, dass och Däitsch oder Franséisch offiziell Amtssprooche wieren. Dowéinst misst een déi Lëtzebuergesch Nationalitéit och da kréien, wann een eng vun dëse Sprooche beherrscht.

E weidere Petitionär fuerdert dann, dass et e Recht, fir aus familiäre Grënn an Deelzäit ze schaffen, misst ginn. Aktuell wier et esou, dass Ugestallter, déi aus familiäre Grënn an Deelzäit schaffe wëllen a keng Eenegung mat hirem Patron erreechen, näischt anescht iwwereg bleiwe géif ewéi hir Aarbecht ze kënnegen. An dësem Fall géifen si awer all Recht op Sozialleeschtunge verléieren. Dat well den Ugestallten dann dem Aarbechtsrecht no aus fräie Stécker gekënnegt hätt. Ma de Wonsch no der Gebuert vun engem Kand, eng Zäit laang nëmmen hallef Deeg ze schaffe wier zu Lëtzebuerg gesellschaftlech unerkannt. Dës Akzeptanz misst een och am Aarbechtsrecht erëmfannen.

Schliisslech fuerdert eng Petitioun, dass an alleguer de Geschäfter hei am Land Toilette fir Cliente missten installéiert ginn. Et kéint net sinn, dass vill Commerçanten hire Clienten dësen essentielle Service virenthale géifen. Allerdéngs kéinten d'Geschäftsleit dem Petitionär no awer duerchaus verlaangen, dass de Client eppes an hirem Buttek kafe soll éier hien d'Toilette benotzen dierft.

Lauschtert hei de Reportage!