© Unsplash
Mam Partner, op sech eleng, mat der Famill oder mat Frënn - All Variant huet seng Vir- an Nodeeler...
Dat Wichtegst fir d'éischt: Jidderee soll déi Zort vu Rees untrieden, déi him am meeschten zouseet. Wien eleng reest huet net onbedéngt Problemer een ze fannen, dee mat geet, mee wëll dat villäicht och einfach esou. An eng Persoun, déi sech nimools virstelle kéint ouni anerer fort ze fueren, ass och keen Angschthues mee weess einfach, dass d'Solo-Rees him net géif zousoen.
Ma eis 3 Touristen d'Julie, de Massimo an d'Catherine kenne béid Säite vun der Medail an hu sech zu där Thematik hir ganz eege Meenung gebilt an Erfarunge gesammelt.
Julie
Ech sinn eigentlech ëmmer eng Persoun gewiescht, déi op kee Fall eleng wollt enzwouch reesen. Éierlech gesot konnt ech mer emol net virstellen eleng enzwouch ze sëtzen z'iessen. Ma virun 2 Joer hat ech dunn awer op eemol d'Bedierfnis fort ze goen fir e puer Deeg. Awer eleng. D'Destinatioun war elo net onbedingt spektakulär, mee et ass mer drëms gaangen einfach emol wierklech ofzeschalten.
Fir 4 Deeg sinn ech dunn eleng an een Hotel an de Schwarzwald gaangen. Deen éischten Owend war et nach ongewinnt eleng do um Dësch ze sëtzen. Ma dee Mueren duerno souz ech do ze mueren z'iessen an hunn dat total genoss. Wéi dunn ee Mann bei mech koum, a mech gefrot huet, ob ech villäicht mat him zesummen un engem Dësch wéilt sëtzen, well hien och eleng géing reesen, ass mer d'Äntwert guer net schwéier gefall: "Nee merci!" De gudden Här huet mech do extrem erstaunt gekuckt, a mech och gefrot ob dat mäin Eescht wier. Jo dat war et.
Et war dunn effektiv eng immens entspaante Vakanz. An immens roueg. Ech hu wuel a mengem ganze Liewen nach ni esou wéineg geschwat wéi an deene 4 Deeg. An dat war fir mech perséinlech och eng ganz gutt Ofwiesslung. Well doduerch hunn ech mech och emol méi mat mer selwer ausernee gesat. Du kanns nämlech net fortlafe virun der selwer wa soss keen do ass. A virun allem: ech géif et direkt nach eemol maachen!
Massimo
Solo-Travel war an der Vergaangenheet fir mech ni en Thema! War ech dach ëmmer dee Mënsch, dee relativ schei war an sech ni esou eng Aventure getraut hätt. Ma fir dat ze änneren, ass eng Vakanz eleng genee dat Richtegt. Berlin an Hamburg waren zwee Stied, déi schonn ëmmer op menger Bucket-List stoungen. Also hunn ech mech an d'kaalt Waasser geheit an dës City-Trips als Opportunitéit gesinn, iwwert mech erauszewuessen, mäi Charakter ze stäerken a mech och mol mat mir selwer auserneen ze setzen.
Bewosst hunn ech mech decidéiert net alles am Viraus ze plangen. Vill léiwer hunn ech Locals aus den eenzele Stied op hir Liblingsplazen ugeschwat a sinn esou queesch duerch d'Stad geschéckt ginn. Ma grad dowéinst hunn ech vill schéi Platzen a Bars entdeckt, déi ech esou sécher a kengem Touriste-Guide fonnt hätt. Fro d'Leit an net Google! Mat verschidde Leit schwätzt een zwar just e puer Minutten, mat anerer verbréngt een op der anerer Säit awer och direkt e puer Stonnen, respektiv gëtt sech Rendez-Vous fir déi nächste Kéier.
Eleng an der Vakanz huet een zu all Moment d'Fräiheet, dat ze ënnerhuelen, ob wat een och wierklech Loscht huet. An no dëser Rees froen ech mech firwat ech all déi Joren esou roueg war? Friem Leit bäissen nämlech net!
En Tipp vu mir : Huelt Iech en Hostel! Mat anere Leit am Zëmmer schlofen, kann sech ufanks zwar komesch ufillen, ma esou léiert een automatesch Leit kennen, déi an der nämmlechter Situatioun sinn.
Catherine
Eleng Reesen? E kloert Jein vu menger Säit! Ech si scho méi dacks eleng gereest, esouwuel wou ech am Virfeld villes organiséiert hat wéi och total spontan mat Rucksak undoen a fort. Ma esou schei an ängschtlech ech war an deels och nach sinn, hätt ee mer dat virun e puer Joer sécher net zougetraut. A genee dowéinst sinn ech déi Solo-Reesen ugaangen, ech wollt mir selwer eppes beweisen an iwwert mech eraus wuessen a genee dat hunn ech misse maachen. Wien eleng ënnerwee ass muss sech nämlech mat sengen Ängschten ausernaner setzen an et kënnt een och mol u seng Grenzen, wann zum Beispill de Rucksak ënnerwee verluer geet (USA), ee vun engem Skorpioun gepickt gëtt (Costa Rica) oder ganz banal eleng an de Restaurant muss. Alles Saachen, déi mech dee Moment iwwerfuerdert hunn, mer am Endeffekt awer gehollef hu besser mat mir, menge Suergen a Gedanken eens ze ginn.
Eppes wat och vu ganz eleng kënnt ass de Kontakt mat aneren. Wie mengt, dass eleng reesen bedeit einsam ze sinn, deen iert sech. Als Solo-Traveler léiert ee vill méi einfach a séier Leit kennen a wien net wëll eleng sinn, ass et och net laang. A genee dat ass de sprangende Punkt: Wie wëll, dee kann! Et muss ee keng Kompromësser agoen, et reest een dohi wou ee wëll a mécht dat wou ee Bock drop huet. Esou war eng vu menge schéinste Reesen an Australien, den Trip op Melbourne. Mëttes hunn ech dat gemaach wou ech Bock drop hat an owes sinn ech mat de Leit am Hostel een drénke gaangen. Deemno ass Solo-Travel fir mech e Stéck Fräiheet. Den eenzeg groussen Nodeel, deen ech hei gesinn ass, dass een déi Erënnerungen duerno net mat villen deele kann. D’Frënn doheem hunn iergendwann genuch vun all deenen Anekdoten, déi se net noempfanne kënnen an aus de Vakanze-Buddies ginn Insta-Bekanntschaften. Trotzdeem: Ech géif jidderengem empfeelen et op mannst ee Mol am Liewen ze probéieren.
Just wann der gäre Fotoe vun iech an der Vakanz hutt, da bedenkt, dass der e gudde Selfie-Aarm braucht.
An der Redaktioun gouf natierlech och iwwer d'Reesen diskutéiert an hei ginn d'Meenungen auserneen.