© Eldoradio
Een groussen Pluspunkt vun Holland ass definitiv d’Plage...
Ma obwuel de Summer de Moment nach op sech waarden léisst, hunn ech eng kleng Lëscht zesummengestallt, vun de schéinsten hollännesche Plagen, passend fir déi, déi dësen Summer net wäit wëlle fueren.
De bekanntste Strand ënnert Touristen ass Scheveningen, zu den Haag. Hei ass ëmmer vill lass, a souguer wann d’Wieder emol net matspillt, wäert een sech hei net langweilen! Sou kann een um Pier Bungee sprangen, zip linen, oder d’Aussiicht aus dem Riserad genéissen, an op der Promenade ginn et eng Partie Restauranten, Caféen an Geschäfter. Fir jiddereen ass eppes dobäi.
Mäi perséinlechen go-to Strand fir eng Ofkillung, a flott fir all déi, déi léiwer op de Séi fueren ass: Henschotermeer. Hei handelt et sech em eng Plage um Séi, déi eng gutt hallef Stonn vun Utrecht fort ass. Nieft dem klore Waasser an dem Sandstrand, gëtt et hei och eng immens schéin Natur, a soumat genuch Beem déi engem Schiet bidden. Hei kann een net nëmme schwammen, mee och Volleyball spillen, d’Trëppel- a Vëlos-Weeër erkënnegen, a mat Gedrénks an typeschen hollännesche Snacks erëm Energie tanken.
Zu gudder Läscht empfeelen ech d’Stränn vun Texel. Texel ass eng Insel nërdlech vun Amsterdam, op déi ee just mat der Fär hikënnt. Dës Insel ass bekannt fir säin 30km laange wäisse Sandstrand, a seng scheinbar endlos Dünen. D’Plagë vun Texel sinn immens propper, a loossen ee soumat super entspanen. Dovunner ofgesinn, ass Texel awer och bekannt als e Paradäis fir de Waassersport—a soumat perfekt fir d’Adrenalin-Junkies. Vu Surfe bis Waasserschi oder Catamaran fueren, ass hei alles méiglech.
Domat soen ech “Groetjes vanuit Nederland”, an hoffen op e puer waarm a sonneg Deeg!
Lauschtert hei de Reportage: