© Eldoradio
Déi Escher Band Zero Point Five huet hir neiste Single "Spice It Up" released.
Déi Escher Band Zero Point Five besteet aus 5 Museker a si beschreiwen hire Stil als Pop-New-Country Musek. Si beschreiwen sech selwer awer net als typesch Country Band. Duerch hire Mix aus Gittar, Gesang, Banjo a Gei hunn si awer verschiddenen Elementer aus der Country Musek an hire Lidd mat dobäi.
"Déi probéiere mir ëmmer mat anzebannen an eis Lidder déi dann awer méi sou eng Pop Struktur hunn. Mat Refrainen déi hoffentlech am Kapp hänke bleiwen. An dat alles awer mat der Instrumentalisatioun a mat engem gudde Mix a bëssen elektronescher Musek dobäi."
Wärend dem Lockdown an der Pandemie hunn sech Zero Point Five awer definitiv net gelangweilt an si hu probéiert dat bescht doraus ze maachen. Dofir hunn si och alles dru gesat gehat fir och am Corona-Summer eng Rei Concerten kënnen ze spillen.
"Mir hunn och gemierkt dass d’Leit Loscht haten eppes ze maachen an dunn hu mer eis mam Syndicat d’Initiative vun der Gemeng Esch zesummegedoe fir eng Hand voll kleng Concerten am setzen a mat Mask an de Quartieren an Esch ze organiséieren."
Elo hunn Zero Point Five déi sech sëlwer als Fans vum Summer beschreiwen hir neiste Single „Spice It Up” erausbruecht. Mat dëser Single mat enger Mëschung aus 80er Jore Sounds a moderner Country-Musek probéiert Zero Point Five de Summer an d’Concertssaison anzelauden.
"An der 80er Musek, alles wat Phil Collins ass, denkt een direkt un Drumsolos a genau déi hu mer och mat rabruecht. Also mir wollten et iwwerspëtzen. Dat heescht wann een et lauschtert ass et eng iwwerspëtzte Versioun wat mir als 80er Musek interpretéieren."
Nodeems Zero Point Five elo schonn eng Rei Concerten dëse Summer konnte spillen, sinn d’Museker awer och elo frou, dass et d’Covid-Check Eventer ginn, vue dass dës awer nach eng Kéier eppes aneres sinn.
"W ann déi Energie déi Zero Pont Five ausmëscht ass dee Feeling deen ee Live Kritt an déi Emotiounen déi do eriwwer kommen.an déi sinn nëmme ganz schwéier eriwwer komm mat Mask a physescher Distanz."
Wéi et an Zukunft mat neier Musek oder souguer engem neien Album weider geet, do halen sech d’Museker awer nach zréck. Et kéint een awer mat neiem Material rechnen, awer a wei enger Form ass nach net gewosst.