Fir vill Leit ass dee wichtegste Souvenir aus der Vakanz eng brong gebrannten Haut. Wéi der dës och no der Vakanz optimal versuergt, soe mer iech hei:

Hei zu Lëtzebuerg huet een net grad esou vill Geleeënheete fir brong ze ginn, wéi elo an iergendengem méi sonnege Land. A fir dës brong Faarf och nach no der Vakanz esou laang wéi méiglech op der Haut haalt, musst der just e puer Saache maachen:

1. Fiichtegkeet fir d'Haut

Besonnesch nodeems d'Haut der Sonn méi ausgesat war wéi soss, ass et immens wichteg se elo nach eemol besser ze versuergen. Dat souguer nach méi wann een am Salzwaasser an op der Plage war. Dat beusprocht eis Haut nämlech nach méi. Dofir gutt cremen, mat enger Crème déi genuch Fiichtegkeet an Lipiden, also Fett huet. Da bleift d'Haut geschmeideg an erneiert sech méi lues.

2. Richteg peelen

Déi brong Faarf bleift besser wann d'Haut och schéi glat ass. Ma dofir ass et awer och wichteg d'Haut schonn anstänneg virun der Vakanz ze peelen. No der Sonn soll een d'peelen dann zwar och maache, mee nëmme wann néideg. An: op kee Fall peele wann d'Haut iergendswéi nach verbrannt ass vun der Sonn!

3. Vill drénken

Egal wéi solle mer ëmmer genuch drénken. Wie seng schéi brong Faarf no der Vakanz wëll halen, muss sech dann och vu banne gutt hydratéieren. Dat wierkt sech op eise ganze Kierper aus, an natierlech och op eis Haut! Wie sech mat Waasser schwéier deet, kann och Friichtentéi oder Kraidertéi drénken. Awer ouni dës ze séissen!