© pexels.com
Fällt et iech och schwéier einfach emol eng Paus ze maachen an net nozedenken? Wisou dat awer wichteg ass, a wéi der dat packt, verrode mer iech hei:
Einfach emol net nodenken. Sech kee Kapp maachen. Dat klappt ganz dacks leider guer net. Dobäi ass et wichteg fir eis, dass eis Gedanken, an doduerch och mer emol zur Rou kommen. Mat e puer Schrëtt kënnt der iech awer emol eng Paus ginn:
Realiséieren wéini een ze vill nodenkt
Dacks fänkt eise Kapp ganz vum selwen un ze schaffen. A mer sinn eis dees net onbedingt bewosst. Am Meeschte fällt et op, dass mer ze vill iwwert eppes nodenken, wa mer eigentlech eppes anescht maache wollten. Et bréngt och nëmmen dann eppes iwwert ee Problem nozedenken, wann een eppes un der Situatioun ännere kann.
Net iwwerdreiwen
A wann äre Kapp emol nees am Gaangen ass sech all méiglechen Horrorzenario auszemolen heescht et: ee Gank erof schalten! Eis Emotioune sinn do ganz wichteg: probéiert entweder selwer emol ouni är eege Gefiller iwwert eng Situatioun nozedenken. Oder schwätzt mat enger Persoun iwwert de Problem, déi net direkt involvéiert ass, an niichter un d'Situatioun eru geet.
Léiert anescht ze denken
Guer net nodenken klappt natierlech net. A wann der iech zwénge wëllt guer net nozedenken geschitt souwisou de Géigendeel. Wann der awer selwer sot, dass der eng Paus braucht, da bleift och net doheem setzen. Schnaapt iech ee vun äre Kolleegen an ënnerhuelt eppes. Da kann äre Kapp sech fir e puer Stonnen mat anere Saache beschäftegen.